Radioen

On air

Notturno  |  Dirty Projectors - Overlord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch" soll agefouert ginn

Annonce vum Kulturminister

Een "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch" soll agefouert ginn

Bei der Rentrée am Hierscht soll een Dag symbolesch der Lëtzebuerger Sprooch dediéiert ginn. Dat plangt de Kulturminister. Et ass awer nach net sprochräif, wéini deen Dag soll sinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock play_arrow
Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock

Et hätt ee scho vill Progrès bei der Ëmsetzung vum Aktiounsplang gemaach. Dat huet de Kulturminister no der Sitzung gesot. Besonnesch bei der Digitaliséierung wier een um gudde Wee, fir verschidde Ressourcen ze entwéckelen.

"An Zukunft wäert et elo verschidde Reunioune mat Apple, Microsoft an och Google ginn, fir eeben och do mat deene Boîtte kënne verschidden Diskussiounen ze féieren an dann eeben och déi Opportunitéiten, déi dann eeben d'Kënschtlech Intelligenz mat sech bréngt, fir do eeben dann och ze hëllefen, fir eeben d'Lëtzebuerger Sprooch op eng einfach Aart a Weis hautdesdaags ze léieren."

Net visibel genuch?

Wat de Volet vun der Visibilitéit ugeet, wier een amgaangen, ënnert anerem un der Beschëlderung ze schaffen. Do huet een d'Méiglechkeet, um Flughafe selwer och zemools vu vill Touristen op Lëtzebuerg kommen, fir do d'Lëtzebuerger Sprooch och nach méi visibel ze maachen.

"Et gëtt awer och zum Beispill drëms mat de Gemenge méi konkreet nach zesummen ze schaffen, Outilen auszeschaffen, fir d'Sitte vun de Gemengen op Lëtzebuergesch kënnen unzebidden."

Den ADR-Deputéierte Fred Keup fënnt, datt déi presentéierte Mesuren net zefriddestellend sinn. Et géif net wäit genuch goen.

"De Minister seet, si wéilten och d'Sprooch méi visibel maachen, mee ech gesinn awer net vill dobaussen. Wann ech duerch d'Stad ginn, ass alles op eng aner Sprooch, net op Lëtzebuerg. Dat heescht, do feelt mir d'konsequent Handele vun der Regierung."

De Kulturminister hofft, déi 50 Mesuren nach virun 2028 ëmgesat ze kréien. 

Lauschterenplay_arrow