arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eeschtfall vun Atomzentral zu Cattenom gëtt getest: 3 Länner musse sech koordinéieren

Atomenergie

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Eeschtfall vun Atomzentral zu Cattenom gëtt getest: 3 Länner musse sech koordinéieren

Haut a muer hellt Lëtzebuerg un engem grousse grenziwwerschreidenden Exercice zur Sécherheet an der Atomzentral Cattenom deel. All fënnef Joer gëtt op dësem Wee getest, ob déi verschidde Krisenacteure preparéiert sinn an déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht gutt funktionéiert - fir de Fall wou.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© EPA/JULIEN WARNAND
(Foto: EPA/JULIEN WARNAND)

Fir dësen Exercice d’Envergure wäert de Grand-Duché deemno seng Cellule d’évaluation radiologique, d’Cellule de crise an d’Cellule communication et information aktivéieren. Zousätzlech dozou gëtt ee lëtzebuergeschen Agent op Metz geschéckt, fir d’Kommunikatioun mat de franséischen Autoritéiten ze verbesseren.

De geneeën Oflaf muss getest ginn

De Patrick Majerus, Commissaire adjoint beim Haut-commissariat à la protection nationale erkläert, datt op strategeschem Niveau géif gekuckt gi wat geschitt, wann een Accident wier. 

"Éischtens, wéi een d'Informatioune richteg kritt, datt ee versteet, wat genee geschitt. Zweetens, datt een dann, bis hin zur Decisioun, déi ee géif huelen, fir d'Bevëlkerung ze schützen." 

Ënner anerem misst een de geneeën Oflaf testen.

"Fir d'Alerte ze kréien, fir d'Strukturen zesummenzekréien, fir d'Decisiounen ze kréien, déi mir der Regierung kéinte proposéieren, fir dann och eng Entscheedung ze treffen, an dat an der Ofstëmmung mat deenen anere Länner och, dat och eng gewëss Kohärenz dra kënnt."

Esou wëllt ee sécherstellen, datt d’Consignë fir d’Leit, also zum Beispill, datt d’Bierger:innen doheem bleiwe sollen an der ganzer Regioun déi selwecht sinn a sech net vu Land zu Land ënnerscheeden.

Ofsprooch tëschent de Länner muss koordinéiert ginn

Minimum all fënnef Joer fënnt esou eng Übung statt. Dat ass keng Demande vu Lëtzebuerg, mee vun de franséischen Autoritéiten esou virgesinn. Dem Patrick Majerus no hätten dës Exercicer och duerchaus schonn eppes bruecht.

"Virun allem dat Zesummespill tëschent de Länner hu mir iwwer d'Joren awer verbessert. Déi éischt Exercicer, wou ech dobäi war a menger anerer Funktioun nach, waren awer dacks esou, datt all Land e bësse fir sech seng Decisioune geholl huet."

Dat wier schwiereg gewiescht fir der Bevëlkerung ze erklären, firwat an Däitschland aner Decisioune geholl gi wéi a Frankräich. 

"Mir zu Lëtzebuerg sëtzen dertëscht e bëssen am Sandwich a mir huelen nach eng aner. An dat ass ganz schwéier ze vermëttelen. An do hu mir eis wierklech ganz staark verbessert, datt mir do wierklech vill méi enk zesummeschaffen." 

Dat wier d'leschte Kéier och ganz gutt gaangen, esou de Patrick Majerus. 

"Déi leschte Kéier huet mir wierklech och Mesurë geholl grenziwwergräifend, déi kohärent waren an esou weider. Dës Kéier probéiere mir dat och mat der Kommunikatioun hinzekréien." 

Natierlech géife bei esou Exercicer och ëmmer Saache schiflafen. Dowéinst géif ee sech herno op nationalem Niveau, awer och mat de Partner aus Frankräich an Däitschland zesummesetzen, fir ze kucken, wat nach muss verbessert ginn.

Den Eeschtfall übe jo, mee am beschte ganz ausschalten 

D’Übung fënnt an engem Kontext statt, wou d’Diskussioun ëm eng weider Lafzäitverlängerung vun der iwwer 40 Joer aler Zentral erëm ganz aktuell ass. Wärend Frankräich vun enger "Relance du Nucléaire" schwätzt, setzt déi Lëtzebuerger Regierung sech weiderhi fir eng Fermeture vum Site an - esou steet et am Koalitiounsaccord.

Dat maachen och déi lëtzebuergesch Gemengen nees verstäerkt. Den Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser, huet lescht Joer d’Gemengenallianz géint Cattenom reaktivéiert, där entretemps 51 Gemengen ugehéieren. Datt den Eeschtfall reegelméisseg gepréift gëtt, wier natierlech ze begréissen, esou den Tom Jungen - mee d’Fuerderung bleift trotzdeem kloer.

"Am Berouegtste wiere mir, wann d'Zentral ofgeschalt wier. Een attendant, datt dat hoffentlech an noer Zukunft geschitt, ass et wichteg, sech trotzdeem op en Incident ze preparéieren. An do ass et an eisen Aen da scho wichteg, datt déi zoustänneg Autoritéiten dat och beschtméiglech preparéieren."

Et wier berouegend, datt et op d'mannst Noutfallpläng ginn. 

"Wann et zu engem Incident kéim an ee sech och drop verloosse kann, datt d'Kommunikatiouns- an d'Informatiounsflëss, awer och déi néideg Konsequenzen, déi draus ze zéie sinn, dann och a reegelméissegen Ofstänn probéiert."

Net nëmmen d’Autoritéiten, mee och d’Gemengenallianz ass am Austausch mat de Partner aus der Grenzregioun, wéi den Tom Jungen betount.

Test-Warnunge just ronderëm d'Grenzen

Nächst Woch wäert ee sech mam Oberbürgermeister vun Tréier treffen, fir ze kucken, wéi een d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen aus Rheinland-Pfalz kéint verstäerken. Et hätt ee schliisslech e gemeinsamen Interêt, esou den Tom Jungen, nämlech datt et net zu där Lafzäitverlängerung vu Cattenom dierft kommen.

Vun der Übung haut a muer dierften d’Leit zu Lëtzebuerg iwweregens näischt weider matkréien, iwwer LU-Alert wäert fir dësen Exercice keng Warnung erausgoen. 

Méiglech wier allerdéngs, datt Leit, déi no bei der Grenz sinn oder duerch Frankräich fueren, haut oder muer eng FR-Alert op hirem Smartphone géife kréien. Do géif awer ganz kloer drastoen, datt et sech em en Exercice handelt.

play_arrow Lauschteren