Vun der ÖVP huet et de Samschdeg den Owend nach geheescht, datt eng Eenegung an de wichtegste Punkten net méiglech gewiescht wier an datt dowéinst d‘Gespréicher hu missen ofgebrach ginn.
Wéi genee et elo weider geet bleift nach onkloer. De Ball läit elo beim Bundespresident Alexander van der Bellen. Den éisträichesche Staatschef huet ugekënnegt, haut déi nächst Schrëtt annoncéieren ze wëllen.
Ee méiglechen Zenario, deen am Raum steet, sinn Neiwalen, déi a fréistens 3 Méint stattfanne kéinten.