Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Justice, Tame Impala - Neverender

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie franséische Premier: Éischt Entrevuë mat de Parteien

Frankräich

Neie franséische Premier: Éischt Entrevuë mat de Parteien

Deen neie franséische Premier François Bayrou wëllt bis Enn der Woch seng Regierungsekipp opstellen a bekannt maachen. E Méindeg koum hie mat de Parteie fir Entrevuen zesummen. Den éischte Bilan fält virsiichteg formuléiert positiv aus.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow

Et war eng éischt Ronn u Gespréicher fir de François Bayrou. Hien huet niewent de Sozialisten an dem rietsextreemen RN och nach déi konservativ Les Républicains an den Ex-Premier Gabriel Attal vu Renaissance am Hotel Matignon empfaangen.

D'Marine Le Pen vum RN seet et wier eng besser Method wéi beim leschte Premier Michel Barnier ze erkennen. Si hätt d'Gefill si wier gehéiert ginn, et misst een elo gesinn, ob si och verstane gouf. E Mësstrauensvott géing awer weiderhin eng Optioun fir den RN bleiwen.

De Sozialistechef Olivier Faure sot no der Reunioun, d'Gespréicher wieren nach wéineg opschlossräich gewiescht. Villméi hätt een dem Premier nach eemol kloer gemaach, wéi wichteg et wier, datt d'Parlament nees méi agebonne gëtt.

Bayou wëllt d'Regierung Enn der Woch virstellen

D'Lénkspartei La France Insoumise hat d'Invitatioun vum Bayrou refuséiert. Et kéim fir si net a Fro een Accord de non-censure matzedroen. Haut sinn et dann d'Ekologisten, d'Kommunisten an och dem Bayrou seng eege Partei MoDem, déi op Besuch an de Matignon kommen.

Iwwerdeems huet de Bayrou gesot, hie wéilt seng Regierung nach dës Woch virstellen. Et géing awer vum President ofhänken, well hien d'Regierungsmemberen nennt. De Macron ass allerdéngs dës Woch am Iwwerséigebitt Mayotte, wou e Wierbelstuerm ganz vill Doudesaffer gefuerdert an Zerstéierung ugeriicht huet. Och de François Bayrou wëllt dës Woch d'Insel am Indeschen Ozean besichen.

Lauschterenplay_arrow