arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltpolitik: Méi Mesurë géint PFAS gefrot

Drénkwaasserschutz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ëmweltpolitik: Méi Mesurë géint PFAS gefrot

Den Impakt vun de sougenannten Éiwegkeetschemikalien PFAS soll zu Lëtzebuerg limitéiert ginn. Do ware sech d’Deputéiert eens. Eng Woch no der Presentatioun vum éischten interministerielle PFAS-Rapport ass deen op Initiativ vun der LSAP nach eemol diskutéiert ginn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

D’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt huet dobäi méi konkret Moossname gefuerdert. Ënner anerem soll sech Lëtzebuerg op EU-Niveau méi staark fir een harmoniséierten a méi niddrege Grenzwäert asetzen. Virun allem an der Industrie misst méi systematesch erfaasst ginn, wou a wéi PFAS benotzt ginn.

Wien et verschmotzt soll et och bezuelen

Ausserdeem huet d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt fir ee spezielle Fong fir d’Depollutioun plädéiert, ganz nom Pollueur-Payeur-Prinzip. 

“D'Mëttel, déi an dësem Fong sinn, sollen exklusiv fir d'Erausfuerderungen, déi duerch d'Notzung vu PFAS entstinn, genotzt ginn. Dozou zielen ech d'Preventioun, d'Iwwerwaachung, d'Gestioun vun de Risiken an d'Depollutioun vun duerch PFAS kontaminéierte Plazen. Gespeist gëtt dëse Fong duerch zwee Mechanismen: Eng Kéier eng spezifesch Tax, déi vun deene soll bezuelt ginn, déi PFAS-halteg Produiten importéieren, an zweetens duerch Amenden a Sanktiounen, déi fir Verstéiss géint PFAS-Norme verdeelt ginn.”

Och d’Deputéiert vun déi gréng, déi Lénk, a vun de Piraten hu sech kloer dofir ausgeschwat, datt net d’Allgemengheet, mee d’Verursaacher fir d’Depollutioun vu PFAS opkomme mussen.

Weider huet sech d’Claire Delcourt fir ee Verbuet vu PFAS a Kosmetik-Produiten an an Textilien ausgeschwat, ähnlech wéi et dat ënner anerem schonn a Frankräich gëtt. Mee dofir wier eng méi couragéiert Ëmweltpolitik néideg, esou nach d’LSAP-Deputéiert.

PFAS-Aarbechtsgruppe solle formaliséiert ginn

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet doropshin - wéi och schonn d’lescht Woch an der zoustänneger Kommissioun - betount, datt dëse Rapport nëmmen een éischte Schrëtt gewiescht wier an de PFAS-Aarbechtsgrupp elo misst formaliséiert ginn. D’Prioritéit géif den Ament beim Schutz vum Drénkwaasser leien.

“A mir si souwisou amgaangen, dee Règlement grand-ducal vun 2013, dat ass dat transversaalt Reglement, wat d'Drénkwaasserschutzzon determinéiert, datt d'Konditiounen do alles festläit, well de Schutz se do ëmsetzt, deen ze iwwerschaffen, och am Gespréich mat deene concernéierten Acteuren, woubäi do natierlech ee vun den Haaptacteuren, déi concernéiert sinn, ass d'Landwirtschaft.”

Op Europäeschem Niveau géif Lëtzebuerg sech dofir asetzen, datt et gemeinsam Grenzwäerter an eng méi strikt Regulatioun vu PFAS gëtt, esou nach den CSV-Minister.

play_arrow Lauschteren