Allerdéngs géifen d’Baachen a Flëss nach staark ënner Drock bleiwen.
Op eis Nofro hin, huet d‘Waasserverwaltung schrëftlech preziséiert: Vill Baache wieren nach ëmmer an enger schwéierer Niddregwaasser-Situatioun, dat kéint een um Site inondations.lu nokucken.
Wéi vill Ree fält an den nächste Wochen?
Villes géif elo vum Reen ofhänken, deen an de nächste Woche wäert falen. Souwuel d’Recharge vum Grondwaasser, wéi och en eventuellt Ophiewe vum Verbuet, fir Waasser aus den Iwwerflächegewässer ze huelen, géifen dovun ofhänken, datt et an den nächste Woche weider reegelméisseg reent.