arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héich Energiepräisser: Regierung plangt keng finanziell Mesuren als Géigemoossnam

Lex Delles am Interview

|
headphones

5 min

headphones

14 min

play_arrow

Méi héich Energiepräisser: Regierung plangt keng finanziell Mesuren als Géigemoossnam

Wéinst de Krich am Noen Osten erlieft Europa grad deen zweeten Energiepräis-Schock bannent véier Joer. Den DP-Energieminister Lex Delles gesäit den Ament awer nach kee Grond, mat neie finanziellen Hëllefen op déi héich Energiepräisser ze reagéieren.

headphones

5 min

headphones

14 min

play_arrow
© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

De Krich géint den Iran am Noen Osten huet direkt Konsequenzen, och fir Lëtzebuerg. Dat gëllt virun allem fir d’Präisser vum Pëtrol. Praktesch all Dag geet de Präis vum Diesel oder Bensinn an d’Luucht.

Keng nei finanziell Mesurë geplangt

Vill Leit schwätze vun engem Déjà-vu, well viru 4 Joer - wéi de Krich an der Ukrain ugefaangen hat - koum et zu enger änlecher Situatioun. Deemools ware virun allem d’Gaspräisser betraff.

Dem Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles no ass et awer nach ze fréi fir elo scho Conclusiounen ze zéien a beispillsweis nei finanziell Mesuren a Saachen Energie op de Wee ze bréngen.

Maximalpräis op der Pompel ass festgeluecht

Wat d’Energiepräisser ugeet erënnert hien drun, datt zu Lëtzebuerg e Mechanismus en place ass, wou de Staat ronn 150 Milliounen Euro an de Reseau mat investéiert, fir d’Präisser vum Stroum déif ze halen.

“Dat ass e Mechanismus, dee mir hunn. Deen ass en place an dee protegéiert eebe grad virun immens héije Präisser. Mee am Moment, no där Woch an der hallwer Woch, wou déi Situatioun esou ass, ass et ze fréi fir elo d'Conclusioun ze zéien.”

An anere Länner ginn et schonn Diskussiounen zum Theema Energiepräisser a wéi ee se niddereg hale kann. An Däitschland gëtt beispillsweis d’Fro vum Konkurrenzrecht gestallt. Zu Lëtzebuerg ass dat anescht, well hei e Maximalpräis op der Pompel festgeluecht ass, erkläert de Lex Delles.

“Soudatt mir eis ganz enk un de reelle Präis, dee fir de Barrel bezuelt gëtt, alignéieren, soudatt do Abusen net kënne geschéien, well de Contrôle do dran ass.”

Ausbau vun den erneierbaren Energien als Haaptfokus

Beim Gas a Stroum wier et esou, datt d’Fournisseuren haut net fir muer akafen, mee bis zu 3 Joer am viraus, fir eeben esou Schwankungen auszegläichen.

An deem Kontext erënnert de Minister drun, datt Europa méi resilient misst ginn an deem Secteur. Wichteg dobäi wier den Ausbau vun den erneierbaren Energien.

“Mir mussen um europäesche Kontinent an och zu Lëtzebuerg weiderhi ganz staark an d'erneierbar Energien investéieren, well dat de Wee ass, wéi mir eis manner ofhängeg maache par rapport zu esou Decisiounen.”

Et bleiwen nach oppe Baustellen

Am 100,7-Interview schätzt den Energieminister ëmmer nees vum Ausbau vun den erneierbaren Energien: Wandanlagen oder Solaranlage méi no bei d'Autobunnen, Prefinanzement vun de PV-Anlagen, oder och nach Subventioune vun Elektroautoen.

Alles Pisten, déi d’Regierung schonn op de Wee bruecht huet. Et ginn awer nach Baustellen, wéi de Lex Delles zougëtt.

“Zum Beispill, datt mir Wandanlagen och an d'Industriezone kënne bauen, do wou de Stroum och verbraucht gëtt, datt mir manner Impakt op de Präis vun de Leitungen hunn, mee datt mir dat och do kënne maachen. Do si mir amgaangen drun ze schaffen.”

Weider Punkte wieren d’Elektrifikatioun vum Logistiksecteur, den Uschloss un een Netz vun Hydrogen, an d’Stroumproduktioun an der Nordsee.

Betriber op hirem Wee ënnerstëtzen

Op där anerer Säit ass awer elo den Drock op Europa - op d'Verbraucher, awer och op d'Industrie  - grouss. An dofir gëtt op europäeschem Niveau och iwwer aner méiglech Solutiounen nogeduecht.

Een Deel vum Präis, deen Entreprisen an Europa fir Stroum bezuelen, entsteet zum Beispill doduerch, datt grouss Entreprisen iwwer de sougenannten Emissiounshandel fir hir CO2-Emissioune musse bezuelen. Italie fuerdert dee System elo ganz op Äis ze leeën, well deen ze deier wier fir d'Industrie.

De Lex Delles huet viru Kuerzem e Bréif mat ënnerschriwwen, dee fuerdert, datt den Emissiounshandelssystem reforméiert misst ginn. D’Decarbonisatioun an d’Ënnerstëtzung vun de Betriber misst Hand an Hand goen, esou de Minister. Hien nennt d’Beispill vum Stol.

“Wann hei an Europa e Wierk muss fir Honnerte Milliounen investéieren, datt se manner CO2-Emissiounen hunn, da wëlle mir dat als Europa. Mee op där anerer Säit musse mir et dann och fäerdegbréngen, datt et d'Marchéë gëtt fir déi Produkter, an déi se investéiert hunn, datt mir déi och kënnen an Europa benotzen.”

Mini-Atomreaktere léisen de Problem net, esou Lex Delles

An der ganzer Diskussioun ronderëm Energie a Stroum spillt d’Atomenergie ëmmer méi nees eng gréisser Roll. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sot gëschter, et wier e "strategesche Feeler" gewiescht, esou séier aus der Atomenergie wëllen erauszeklammen.

Si hätt do virun allem fir Däitschland geschwat, mengt de Lex Delles. Lëtzebuerg wier weider dofir, datt déi Atomkraaftwierker no un eise Grenzen ofgeschalt ginn.

An d’Spill bruecht ginn ëmmer nees Mini-Reakteren. Well et am Moment awer nach kee gëtt, dee funktionéiert, géing een et als Lëtzebuerger Regierung virzéien an d’Fuerschung ze investéieren, seet de Lex Delles. Iwwerdeems stellt hien d’Fro vum Reschtoffall.

“Wie wëllt eng Deponie, déi op Honnerten, Dausende vu Joren da soll d’Atomofreschter bei sech halen? Dofir musse mir an deenen zwee Voleten an d'Fuerschung investéieren. Mee déi Mini-Reakteren, wéi se genannt ginn, ginn et haut nach net esou.”

D’Fro vun der Sécherheet a vum Offall géing sech och do stellen, betount nach de Lex Delles.

 

 

 

play_arrow Lauschteren