Deen neie Plaidoyer social hätt awer näischt mat der Caritas ze dinn a géif och net der Caritas hire politesche Plaidoyer iwwerhuelen, esou de Thomas Lentz, den Generalsekretäer vun der FEDAS.
Zu de Missioune vum Plaidoyer social vun der FEDAS gehéiert zum Beispill de soziale Secteur besser bei de politeschen Instanzen ze representéieren, déi sozial Gerechtegkeet an d‘Inclusioun ze fërderen oder och eng nohalteg Finanzéierung vum soziale Secteur ze garantéieren.