arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: Meeschtgesichten Diplom an de Lëtzebuerger Industriebetriber ass de Bachelor

Industrie

|
headphones

1 min

FEDIL: Meeschtgesichten Diplom an de Lëtzebuerger Industriebetriber ass de Bachelor

Déi Lëtzebuerger Industriebetriber hu rezent méi Persoune mat akademeschem Ofschloss agestallt wéi virdrun. De meeschtgesichten Diplom am Industriesecteur wier – mat ronn engem Drëttel – de Bachelor. Dat weist eng rezent Etüd vun der FEDIL zum Besoin vun de Betriber.

headphones

1 min

© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

Par rapport zu 2024 géif et do eng Hausse vu ronn 17 Prozentpunkte ginn. Kuerz drop kënnt dann den DAP an duerno d‘Formation technicien, esou de Generalsekretär vun der FEDIL, de Marc Kieffer.

Industriebetriber wieren am Transformatiounsprozess

Dat wier een Appell fir ze handelen, well déi gesichte Profiller géife sech änneren, sot d‘Héichschoulministesch Stéphanie Obertin.

"An där Enquête geet och ganz kloer ervir, datt de Qualifikatiounsniveau, deen d'Betriber sichen, sech weiderentwéckelt. An hei ass déi éischt Kéier och, datt am Fong de Bachelor déi meescht gefrote Qualifikatioun ass. Dat eng ganz interessant Entwécklung."

Dat géif bestätegen, wat si zënter e puer Joer observéieren, esou d'Stéphanie Obertin. 

"Datt d'Lëtzebuerger Industrie an engem Transformatiounsprozess ass. Si digitaliséiert sech, si automatiséiert sech a si internationaliséiert sech. An dofir brauche mir och Profiller, déi an dësem Ëmfeld och kënnen evoluéieren." 

Esouwäit d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin op der Presentatioun vun der neier Etüd vun der FEDIL zesumme mam Educatiounsministère an dem Ministère de travail.