Ronn 800 Pompjeeë waren am Asaz, iwwer 2.000 Hektar Bësch si verbrannt.
Am Kader vun den Enquête sinn nach véier Persounen am Garde à vue, dorënner ee Pompjee, deen zouginn huet, de Brand mat verursaacht ze hunn. Iwwer säi Motiv ass fir den Ament näischt bekannt. Een anere Mann hätt net express mat engem Zigarettestomp zum Brandausbroch bäigedroen, heescht et.
D'Awunner, déi evakuéiert goufen, dierfe viraussiichtlech haut nees zeréck an hir Wunnengen. D'Autobunn A6, déi wéinst de Bränn gespaart war, kéint och nees opgoen.