Wann esou vill Leit um dach relativ klenge Flughafe beienee kommen, da ginn d’Waardezäite fir d’Sécherheetskontroll dacks an d’Luucht.
Laang Waardezäite bleiwen d'Ausnam
De CEO vu lux-Airport erkläert awer, datt d’Waardezäit zu deene Spëtzestonne maximal 22 Minutte bedréit.
Ausserdeem wieren insgesamt gesi ronn 97 Prozent vun de Sécherheetskontrollen a manner wéi 15 Minutten ofgeschloss.
“Wir wollen uns darauf nicht ausruhen, sondern uns weiter verbessern.”
Den Alexander Flassak réit awer all Passagéier dozou, mindestens zwou Stonne virum Depart um Flughafen ze sinn.
Aus der Pandemie geléiert
Deen Een oder Anere ka sech vläicht nach un déi laang Waardezäite wärend der Corona-Pandemie erënneren. Zënter deem huet sech awer villes um Findel gedoen, erkläert de Generaldirekter vum Flughafen.
Et hätt ee méi Personal agestallt, fir dem Wuesstem Rechnung ze droen. Doriwwer eraus hätt ee sech déi eenzel Prozeduren an Ofleef genee ugekuckt a Verbesserunge virgeholl.
Esou gëtt beispillsweis am Terminal d’Handgepäck scho vir-sortéiert, Boarding-Tickete kënnen elektronesch gescannt ginn, an 20 nei Mataarbechter:innen hëllefen de Leit am Terminal bei der Orientéierung.
“Wir haben 13,5 Prozent mehr Passagiere diesen Sommer, aber die Wartezeiten sind die selben.”
Um Internetsite vu lux-Airport kann een ausserdeem kucken, op wéi engen Deeg mat vill Betrib um Flughafen ze rechnen ass. Opfälleg ass, datt grad méindes, donneschdes a samschdes d’Auslaaschtung am gréissten ass.
Den Alexander Flassak erkläert, datt dat un de Fluchpläng vun den Airlines läit, an datt sech d’Spëtzestonnen ëmmer op moies fréi verdeelen.
Net genuch Plaz fir Fligeren a Passagéier
Och an Zukunft wäert lux-Airport wuel neit Personal astelle mussen. An den nächste Jore soll de Findel nämlech weider wuessen. Bis 2050 soll d’Zuel vun de Passagéier pro Joer verduebelt ginn – ouni awer eng zweet Start- a Landepist virzegesinn.
D’Pist wier net dat aschränkend Element, seet den Alexander Flassak. Et géinge Flughäfe mat däitlech méi Passagéiervolume ginn, déi och just mat enger Pist operéieren.
Et ass éischter d’Plaz ronderëm, déi e Problem duerstellt.
“Uns fehlt es an Stellplätzen für die Flugzeuge. Das sieht man an den Entwicklungen der Airlines. Und unser Terminal platzt aus allen Nähten in den Morgenstunden.”
Dofir soll den Terminal B erweidert ginn, genee wéi och den Terminal A. Et wéilt een och an Zukunft de Passagéier dee Confort bidden, deen ee vu Lëtzebuerg gewinnt ass, esou de CEO vu lux-Airport. An et wéilt een de Flughafe fir déi ganz Groussregioun bleiwen.
De Findel soll de Flughafe vun de klenge Weeër bleiwen
Kleng Aarbechten am Terminal hu schonn ugefaangen. Nächst Joer fänkt dann den Ausbau vun den Terminalen A a B un.
“Wir bauen neben den aktuellen Gebäuden”, erkläert den Alexander Flassak. De lafende Betrib gëtt also net gestéiert. Dat ass réischt an der leschter Phas de Fall, wann d’Gebaier matenee verbonne ginn.
Ee grousse Virdeel vum Findel sinn déi kuerz Weeër, déi een als Passagéier zeréckleet. Dat soll och esou bleiwen, verséchert de Generaldirekter vum Findel.
D’Agangshal vum Terminal A soll verlängert ginn, esou datt och den Tramsarrêt direkt virdrun ass. Richtung Tarmac ginn da verschidde “Pieren” gebaut, op déi sech déi verschidde Passagéier opdeelen.
Sanéierung vun der Start- a Landepist wuel an zwee Joer
E weidere Chantier wäert dann och nach d’Start- a Landepist ginn. Dat awer éischter ongewollt. Nodeems déi lescht Sanéierung virun nach net allze laanger Zäit net de qualitativen Erwaardungen entsprach huet, muss deemnächst nees sanéiert ginn.
“Wir haben aus unserer Sicht nicht das bekommen, was wir bestellt und bezahlt haben. Deshalb haben wir auch eine Klage gegen das Konsortium eingereicht.”
Aktuell gi reegelméisseg Inspektiounen duerchgeféiert an Ausbesserunge vun der Pist ginn an der Nuecht gemaach.
Den Alexander Flassak rechent domadder, datt d’Sanéierung an zwee Joer ufänke kéint. Dann nees an de Summernuechten, fir den Trafic net ze stéieren.
Direktvol tëschent Lëtzebuerg an New York: Net um Findel fir dat ze decidéieren
Iwwerdeems huet déi US-amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, d’Stacey Feinberg, an engem RTL-Interview duerchblécke gelooss, datt et geschwënn en Direktfluch tëschent Lëtzebuerg an New York ginn.
Den Alexander Flassak konnt dozou awer näischt soen. Op politeschem Niveau wier een als Findel net an esou Gespréicher mat agebonnen, seet hien. Et wier een awer a reegelméissegem Austausch mat US-Airlinen a wann Informatiounen iwwer de Flughafe geféiert ginn, da géing een déi och liwweren.
“Am Ende ist es Sache der Airlines, ob sie eine Route anbieten oder nicht. Ich würde mich sehr darüber freuen.”
Virun iwwer 25 Joer war et nach méiglech, vum Findel aus via Island an d’USA ze fléien.