arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Firma Indorama Ventures mécht Filial zu Lëtzebuerg zou - Aarbechtsminister reagéiert

Aarbecht

|
reading time

1 min

Firma Indorama Ventures mécht Filial zu Lëtzebuerg zou - Aarbechtsminister reagéiert

Déi thailännesch Firma Indorama Ventures mécht hir Filial zu Lëtzebuerg zou, mellt d‘Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB an engem Communiqué. Eng 95 Mattaarbechter:inne wire betraff, esou d‘Gewerkschaften. Déi Lénk hunn elo eng urgent Kommissiounssëtzung ugefrot.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Si schwätze vun enger "brutaler Massenentloossung" bei enger Firma, déi zejoert e Chiffre d‘Affaires vu bal 12 Milliarden Euro realiséiert hätt.

D‘Lëtzebuerger Filial vun Indorama Ventures ass zu Stengefort. Produzéiert ginn do technesch an industriell Textilien. 

Aarbechtsminister reagéiert

De Marc Spautz huet am spéide Moie virun der Press op d’Annonce vun der Fermeture vun Indorama Ventures reagéiert a gesot, et wéilt een de Betrib a seng Aarbechter:innen nächst Woch gesinn, fir méi genee ze verstoen, wat d’Konsequenzen vun der Fermeture sinn.

Duerno wéilt een da kucken, wéi eng sozial Begleedungen een de ronn 100 concernéierte Salariéë kéint ubidden.

Déi Lénk hunn iwwerdeems eng urgent Kommissiounssëtzung mat de Ministere fir Energie, Lex Delles, a fir Aarbecht, Marc Spautz, ugefrot. An engem Communiqué fuerdere si, datt d'Regierung eng Léisung muss fanne fir déi ronn 100 Mataarbechter:innen.