Et wäert kee Blutt un de Mauere ginn, hat de Parteichef Olivier Faure gëschter scho versprach. Bei der sozialistescher Partei ass ee beméit Harmonie ze vermëttelen, och wann et intern relativ vill ongeléisten Tensioune ginn.
Am Oktober wëllt d’Partei bei engem Primaire entscheede loossen, wie fir si an de Walkampf zitt. Bis ewell ginn et véier offiziell Kandidaturen: d’Deputéiert Philippe Brun a Jérôme Guedj, déi fréier Ministesch Ségolène Royal an de Chef vu Place Publique, Raphaël Glucksmann.
Wéi steet et ëm de fréiere Premier Hollande?
Nach net offiziell mee warscheinlech sinn d’Kandidature vum Olivier Faure an och vum Ex-President François Hollande. Dësen hält allerdéngs wéineg vun der Iddi vun engem Primaire.
Och bei anere Froe läit den Hollande op anerer Linn ewéi zum Beispill den Olivier Faure, notamment beim Budget, deen elo am Parlament verhandelt wäert ginn. Den Hollande sot et bréicht onbedéngt ee Budget, och wann dësen net perfekt ass. Den Olivier Faure wëllt de parlamentareschen Debat, mee stellt um Mikro vun LCI schonn e Mësstrauensvote an Aussiicht.
Och bei der Fro, ob ee wéi bei de leschte Walen nees eng Allianz mat den anere Lénksparteien ageet, ginn d’Meenungen auserneen. Wäit Deeler vun der Partei wëlle keng Zesummenaarbecht mat der Lénkspartei La France Insoumise, den Olivier Faure sot gëschter et géing een awer zu 80 Prozent mat hinnen iwwereneestëmmen. Et kéint een net ëmmer “les gauches irréconciliables” spillen.