search

/ Franséische Soziolog a Philosoph Edgar Morin am Alter vun 104 Joer verstuerwen

Frankräich

|
reading time

1 min

Franséische Soziolog a Philosoph Edgar Morin am Alter vun 104 Joer verstuerwen

Aus Frankräich ass et de Moien d'Nouvelle vum Doud vum Edgar Morin. De franséische Soziolog a Philosoph ass haut am Alter vun 104 Joer gestuerwen. Mat sengen Iddien, déi dacks politesch op der Gauche situéiert waren, warde Morin eng vun den Haaptfigure vun der intellektueller Zeen a Frankräich.

reading time

1 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

De Morin huet déi klassesch Soziologie deels kritiséiert a senge Reflexiounen iwwer de Mënsch huet hie wëssenschaftlech Erkenntnisser ëmmer als Basis genotzt. De Morin huet a senger Karriär eng véierzeg Bicher publizéiert a war och Éierendokter op 38 internationalen Universitéiten.