Radioen

On air

De Weekend  |  Still Woozy - Shotput

play_arrow Live
search

/ Migratiounspolitik: Friedrich Merz gehäit Bundeskanzler Kontrollverloscht vir

Treffen no Solingen

Migratiounspolitik: Friedrich Merz gehäit Bundeskanzler Kontrollverloscht vir

Et gëtt nach keng Eenegung an Däitschland fir eng méi haart Migratiounspolitik. De Bundeskanzler hätt sech Bedenkzäit gefrot. Dat sot den Oppositiounschef Friedrich Merz no engem gemeinsamen Treffe mam Olaf Scholz.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Frederic Kern/Geisler-Fotopress

Leschten November ware Gespréicher tëschent dem Bundeskanzler Olaf Scholz an dem CDU-Chef Friedrich Merz iwwer eng Zesummenaarbecht an der Migratiounspolitik an d'Waasser gefall. Elo, no der déidlecher Messerattack zu Solingen de leschte Freideg, gëtt et en neien Ulaf. 

Hannergrond vun der Debatt ass de Profil vum presuméierten Täter: de 26-Joer ale Syrer hätt schonn d'lescht Joer sollen aus Däitschland ausgewise ginn - ouni Erfolleg. De Friedrich Merz huet dem Bundeskanzler virgehäit, d'Lag am eegene Land net méi am Grëff ze hunn.

CDU-Chef fuerdert Awanderungsstopp aus Syrien an Afghanistan

De Friedrich Merz fuerdert dofir ënner anerem en Awanderungsstopp fir Flüchtlingen aus Afghanistan a Syrien. An datt ofgeleenten Asyldemandeuren aus béide Länner erëm kéinten ausgewise ginn. Nom Gespréich vu ronn enger Stonn de Mëtteg tëschent dem Oppositiounschef an dem Bundeskanzler huet de Friedrich Merz virun der Press gefuerdert, datt si allebéid jeeweils eng Persoun sollen designéieren, fir séier Gespréicher ze féieren.

Noutfalls misst d'Verfassung geännert ginn

Déi illegal Migratioun misst däitlech reduzéiert ginn, esou nach de Friedrich Merz. Wann dat rechtlech net méiglech sollt sinn, da missten d'Gesetzer geännert ginn, esou den Oppositiounschef géigeniwwer der Press.

Noutfalls esouguer d'Verfassung. Fir eng Ännerung vum Grondgesetz ass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit am Bundestag a Bundesrat néideg. D'Sozialdemokraten a Chrëschtdemokrate kéinten dat deemno och eleng ëmsetzen, ouni Rücksicht op dem Olaf Scholz seng Koalitiounspartner FDP an déi Gréng ze huelen.

Merz relativiséiert seng Aussoen um Mëttwoch

An Däitschland huet den CDU-Chef Friedrich Merz seng Ausso iwwer een Opnamestopp fir Migranten aus Syrien an Afghanistan relativiséiert. An engem Schreiwes schwätzt hien elo nëmmen nach vun engem – Zitat – fakteschen Opnamestopp, zu dem eng rei vu senge Virschléi féiere géifen. Seng partei géif awer keng ännerung vum Asylrecht am Grondgesetz fuerderen, sou nach d‘Prezisioun vum Friedrich Merz.