Op russescher Säit sot de Buergermeeschter vu Moskau, datt d‘Ukrain hënt 620 Dronen op déi russesch Haaptstad geschoss hätt. Iwwer eventuell Affer ginn et nach keng Informatiounen.
Déi russesch Ambassade zu London huet déi brittesch Regierung gewarnt. Si misst mat Konsequenze rechne wéinst der militärescher Kollaboratioun vu Groussbritannie mat der Ukrain. Dat, nodeems d‘Zeitung Sunday Times e Sonndeg behaapt hat, d‘Ukrain géif bei den Attacken op Russland Drone benotzen, déi vu brittesche Firme gebaut an un d‘Ukrain geliwwert goufen.