arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain lancéiert massiv Dronenattack op Moskau

Krich géint d'Ukrain

|
reading time

1 min

Ukrain lancéiert massiv Dronenattack op Moskau

De Buergermeeschter vu Moskau, Sergej Sobjanin, huet gemellt, datt d’Ukrain an der Nuecht Moskau an seng Viruerter mat 600 Dronen attackéiert huet. Déi meescht Drone wieren awer vu Russland ofgefaange ginn. Russeschen Autoritéiten no, géif et een Doudesaffer an e puer Blesséierter ginn.

reading time

1 min

E Schëld virum Kreml zu Moskau | © EPA/SERGEI ILNITSKY
E Schëld virum Kreml zu Moskau (Foto: EPA/SERGEI ILNITSKY)

D’Ukrain viséiert virun allem Infrastrukturen, déi derrussescher Arméi kéinten hëllefen. 

Russland fiert weider massiv Ugrëffer op d'Ukrain

Russland huet iwwerdeems ballistesch Rakéiten op d’Ukrain geschoss. D’Haaptstad Kiew, d’Industriestad Krementschuk an d'Groussstad Krywyj Rih goufen dobäi viséiert.

Nees eng Dron iwwer Rumänien

A Rumänie gouf eng Dron, déi an de rumänesche Loftraumtëschent der Ukrain a Moldau agedronge war, vun engem spuenesche Kampffligerofgeschoss. Dee Fliger ass am Kader vun enger Nato Missioun a Rumäniestationéiert. 

Rumänien ass ee vun deene Länner déi am meeschten a Gefor vun deviéierten Dronesinn. D’Land läit um schwaarze Mier a net wäit ewech vun deenen Territoiren ander Ukrain, déi vu Russland reegelméisseg viséiert ginn. Och Polen a balteschLänner hunn ëmmer nees mat änleche Situatiounen ze dinn.