London géing bewosst op Eskalatioun an der Ukrainkris setzen, sot gëschter déi russesch Ambassade zu London, nodeems bekannt gouf, datt brittesch Laangstrecken-Dronen an de rezenten Attacken agesat goufen.
Premier verséchert Ënnerstëtzung fir Ukrain
Wat déi brittesch Bedeelegung am Konflikt méi grouss géing ginn, wat d‘Konsequenze fir London méi schlëmm géinge ginn, huet d‘Ambassade gedreet.
Den Andy Burnham, de brittesche Premier, sot, datt Groussbritannien zu 100 Prozent un der Säit vun der Ukrain stéing.
"Mir ginn Ënnerstëtzung, fir datt d'Ukrain sech verdeedege kann, an dat war d'Positioun vu Groussbritannie wärend dem ganze Konflikt, och ënner fréiere Premierministeren – an ech hale weider doru fest."
Esou den Andy Burnham an engem Interview mat Sky News.
Tensiounen tëschent Russland a Groussbritannien ëmmer schlëmmer
D'Tensiounen tëschent Groussbritannien a Russland sinn an der Lescht eskaléiert. Am Juni hat d‘Royal Navy ee russeschen Tanker am Äermelkanal beschlagnaamt, deen ënner engem kamerunesche Fändelen navigéiert hat fir Sanktiounen ze ëmgoen.
Doropshin huet e russescht Krichsschëff bei Plymouth Schéissübunge mat schaarfer Munitioun duerchgefouert. Och goufe Politiker an d‘Viséier geholl.
D‘lescht Joer goufen et Branduschléi u Proprietéite vum Keir Starmer, deen deemools Premier war. D‘BBC huet viru kuerzem opgedeckt, datt déi vu Russland orchestréiert goufen.
De Keir Starmer hat Russland puermol ernimmt, wéi hien zum Schluss vu sengem Amt milliardeschwéier Investitiounen an dat brittescht Militär annoncéiert hat. Et géing drëm goen, déi brittesch Armed Forces erëm a Krichsbereetschaft ze bréngen, sot de fréiere Premier am Juni.