arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Reaktiounen op den 20-Punkte-Plang

Politik

|
headphones

2 min

Gemëschte Reaktiounen op den 20-Punkte-Plang

No engem Treffe mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet den US-President Donald Trump gëschter am Wäissen Haus en 20-Punkte-Plang fir e Fridden am Noen Oste presentéiert. De Projet gesäit ënnert anerem en direkte Waffestëllstand, humanitär Hëllef an d’Fräiloosse vu Geisele vir.

headphones

2 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

D’Gazasträif soll an Zukunft net méi vun der Hamas, mee vun engem technokrateschen, international koordinéierte Comité geréiert ginn.

De Premier Luc Frieden huet op Nofro erkläert, all Initiativ ze begréissen, déi sech fir en Enn vum Krich an humanitär Hëllef asetzt. Hie verweist drop, wéi wichteg et ass, séier konkret Schrëtt um Terrain ze gesinn.

Den Ausseminister Xavier Bettel hält laangfristeg un der Zweestaateléisung fest. Hien erënnert dorun, datt vill Froen nach oppen sinn.

“Wéini geschitt wat? Wat ass d’Roll vun enger palästinensescher Autoritéit, déi guer net agebonnen ass? Kann d’UNRWA weiderschaffen?”

Skepsis an der Chamber

Och an der Chamber gëtt de Plang mat Virsiicht gesinn. Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Kommissioun Gusty Graas huet zwar d’Initiativ begréisst, warnt awer virun Aussoe vun Trump, déi Israel am Fall vun engem Hamas-Neen “all Méiglechkeeten” fräiginn. Hien ënnersträicht awer och, datt eng international Koordinatioun fir d’Gazasträif eng realistesch Léisung kéint sinn.

De LSAP-Deputéierten Yves Cruchten weist sech éischter optimistesch. Nodeems e Plang vum Joe Biden an der Vergaangenheet gescheitert war, hofft hien, datt den internationalen Drock mëttlerweil grouss genuch ass, fir Israel ze beweegen:

"Ech mengen, mir sollen all seriö Initiativ ënnerstëtzen, och wann se vum amerikanesche President kënnt. D’Europäer spille keng Roll, wa se sech net eens sinn."