arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: “Et geet eis net ëm d’Persoun, mee ëm den Dossier”

Demissioun vum Georges Mischo

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Nora Back: “Et geet eis net ëm d’Persoun, mee ëm den Dossier”

D'Gewerkschaften haten iwwer déi lescht zwee Joer ganz schwiereg Relatioune mam elo demissionären Aarbechtsminister Georges Mischo. Et wier allerdéngs kee perséinlechen tëschemënschleche Sträit gewiescht, mee et wier ëm d’Aart a Weis gaangen, wéi hie seng Dossiere geféiert hätt, esou d'Nora Back.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow
Nora Back | © Radio 100,7
Nora Back (Foto: Radio 100,7)

Mat der Demissioun eleng, wier elo net direkt alles gutt. Et géif ëm d’Politik goen. Bis elo wier Politik géint déi schaffend Leit gemaach ginn, esou d’Nora Back am 100,7-Interview.

Keng Zäit ze verléieren

Et kéint ee sech zwar elo virsiichteg optimistesch weisen, datt ee mam méiglechen Nofollger a fréiere Gewerkschaftler Marc Spautz elo e bessere Sozialdialog hätt. Mee am Endeffekt géif et awer dorëms goen, wat aus dem Koalitiounsaccord géif ëmgesat ginn a wat d’Positioun vun der Regierung wier, esou d’OGBL-Presidentin.

“Ech mengen, dat ass dat Wichtegst, datt mir eis elo mol eng Kéier gesinn an e bëssen en Tour de table maachen iwwer déi Dossieren, déi opstinn. Mir haten nach Reuniounen, déi ugesat ware mam Georges Mischo, zu ganz wichtege Sujeten, wéi d'Aarbechtszäiten, wéi Dir wësst, awer och d'Plattformaarbecht, mee awer och d'Mindestloundirektiv, déi mussen awer elo séier opgegraff ginn.”

Ob Spautz oder Mischo, Gewerkschafte bleiwe bei hire Revendicatiounen

Et géife Punkten am Koalitiounsaccord ginn, déi géint d’Interesse vum OGBL an LCGB ginn, zum Beispill de Punkt vun den Aarbechtszäiten. D’Gewerkschafte si géint esou eng “ultra Flexibiliséierung” vun den Aarbechtszäiten, géint eng Verkierzung vun de Roupausen a géint eng Verlängerung vun de Schaffzäiten.

“Dat heescht, och wann et elo de Marc Spautz ass, an deen déi selwecht Iddien do wëllt duerchdrécken, da wäert et awer zu Spannunge kommen.”

Net direkt zeréck an de CPTE

Et wäert iwwerdeems weiderhi bei bilaterale Gespréicher bleiwen, esou d’Nora Back. Et wier d’Haltung vun der Regierung gewiescht, déi si dozou bruecht hätt aus den Tripartite-Gespréicher erauszegoen. Esoubal een awer géif gesinn, datt eng reell Volontéit do wier fir ze verhandelen, géif ee sech awer nees zu Dräi op en Dësch sëtzen.

D'Union Syndicale begréisst also dee personelle Wiessel am Aarbechtsministère, ass awer trotzdeem net blannemännerches optimistesch. 

play_arrow Lauschteren