Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Gesetzprojet zu de Bäihëllefe vum “Klimabonus Wunnen” mat grousser Majoritéit ugeholl

Chamber

Gesetzprojet zu de Bäihëllefe vum “Klimabonus Wunnen” mat grousser Majoritéit ugeholl

Mat ganz grousser Majoritéit huet d’Chamber am Dënschdegnomëtten de Gesetzprojet zu de Bäihëllefe vum “Klimabonus Wunnen” ugeholl. Just déi Lénk hu sech enthalen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

De Projet de loi gesäit ënner anerem d’Verlängere vun der Hausse beim Ersetze vu Chaudièrë vun 30 op 50 Prozent vir. Dogéint geet zum Beispill fir Photovoltaikanlage fir den eegene Gebrauch de Subsid vun 62,5 op 50 Prozent zeréck.

LSAP: Firwat net “le provisoire qui dure”?

Virun deem Hannergrond huet de Rapporteur Paul Galles vun der CSV vun engem gudde Package geschwat. Dogéint fäert de Franz Fayot vun der LSAP, datt duerch de Minus bei de Photovoltaikanlagen déi spektakulär Dynamik op deem Gebitt gebrach gëtt.

“Gewëss, dëst war eng zäitlech begrenzte Mesure aus der Tripartite vu September 2022, mee et wier net déi éischt Kéier, datt mir “le provisoire qui dure” maachen. An hei wier et gerechtfertegt. Ob mir eis Klimaschutzziler erreechen oder net, hänkt net zulescht dovun of, datt déi grouss Majoritéit vun de Privathaushalter de Wee vun der Energietransitioun matgeet.”

Den Ex-Minister wënscht sech donieft, datt d’Regierung virum nächste Summer eng konkret Propos dozou virleet, wéi et 2026 soll weidergoen.

Joëlle Welfring: Spaass um Klimaschutz gëtt fort geholl

Och fir d’Joëlle Welfring vun déi gréng misst d’Dynamik fir Photovoltaikanlagen erhale bleiwen.

“Leider ginn d’Aussoen an d’Handlungen iwwer déi lescht Méint awer net an déi richteg Richtung. Do, wou d’Regierung effektiv Akzenter setzt, schénge se net de Spaass um Klimaschutz ze fërderen, mee éischter de Contraire: De Stroumpräisdeckel gëtt zum Deel opgehuewen, d’Aidë fir d’Photovoltaikanlage ginn erofgeschrauft an d’Kommunikatioun ëm d’Upassung vun den Netztariffer ass net wierklech berouegend.”

Dat féiert zu Veronsécherung, fënnt d’Ex-Ministesch. Dobäi bräicht et kloer Signaler a Planungssécherheet.

Hiren Nofollger Serge Wilmes huet betount, datt een d’Subsiden net éiweg bäibehale wéilt, fir datt d’Präisser um Maart erofginn. Den Ëmweltminister huet och ugekënnegt, zäitno e Gesetzprojet iwwert d’Virfinanzéiere vu Photovoltaikanlage virzeleeën: D’Zil dovu wier et, dass Interesséierter net méi souvill Sue virstrecke missten.

Lauschterenplay_arrow