arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Giel Warnung wéinst Hëtzt zu Lëtzebuerg - Temperature ronn 10 Grad iwwer der Moyenne

Meteo

|
reading time

2 min

Giel Warnung wéinst Hëtzt zu Lëtzebuerg - Temperature ronn 10 Grad iwwer der Moyenne

Mat Temperature vu bis zu 33 Grad de Mëtteg gëllt zu Lëtzebuerg déi giel, also déi ënnescht Wiederwarnung vu MeteoLux. Domat wier ee ronn 10 Grad iwwer den Duerchschnëttstemperature vum Mount Mee.

reading time

2 min

© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto
(Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto)

Eng richteg Ofkillung ass zu Lëtzebuerg fir den Ament och net a Siicht, wéi de Luca Mathias vu MeteoLux am 100,7-Interview erkläert.

D'Kritäre fir Warnunge goufen ugepasst 

Et hätt ee scho mol am Mee eng héchst Temperatur vun 31,7 Grad erreecht. Mee dës Kéier wier et markant, esou de Luca Mathias. 

"D'Intensitéit vun dem Héichdrockgebitt, datt et esou stationär ass, an esou laang present. Och d'Dauer vun deem Ganzen." 

Dofir hätt een esouwuel gëschter wéi och haut eng giel Wiederearnung erausginn. Et hätt een awer och d'Krittären, fir Warnungen erauszeginn, ugepasst, esou de Luca Mathias. 

"Mir kucken och d'Loftfiichtegkeet, d'Stäerkt vum Wand, d'Internitéit vun de Sonnenastralungen. An all déi véier Parametere ginn dann een Index eraus, dee mir dann iwwer den Dag ermëttelen an op Basis vun deem kucke mir, wéi d'Hëtzebelaaschtung iwwer d'Land verdeelt ass." 

Doduerch géif elo awer net méi dacks gewarnt ginn, seet de Luca Mathias. Och datt d'Warnungen an den Nopeschlänner zu aneren Zäitpunkte geschwat ginn, hätt mat de Krittäre vun den Nopeschlänner zedinn, erkläert de Luca Mathias. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Luca Mathias 

Orange Warnungen a Frankräich

Am Weste vu Frankräich ass d'Warnung an aacht Departementer op eng orange Warnung eropgesat ginn, also déi zweethéchst Warnung. Do sollen et Temperaturen tëschent 33 a 36 Grad ginn, esou MeteoFrance. 

An England gouf gëschter zu London den Temperatur-Rekord fir de Mount Mee gebrach, dat mat 33,5 Grad Celsius. 

Klimatologe ginn dovun aus, datt d'Hëtzte-Welle méi heefeg, méi laang a méi intensiv gi wéinst der Klimaerwäermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt.