Radioen

On air

Thé Dansant  |  Pet Shop Boys - Go West

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gripp: Et kann ee sech nach impfe loossen

Gesondheet

Gripp: Et kann ee sech nach impfe loossen

An der éischter Januarwoch sinn d‘Grippefäll zu Lëtzebuerg ëm 80 Prozent geklommen, par rapport zur Woch virdrun. De Réseau Sentinelle mécht eng virologesch Iwwerwaachung vun de Grippefäll an aneren Otemweeerkrankungen. Hire Coordinateur Dr. Xavier Bairin seet, et misst een dës Zuelen awer an de richtege Kontext setzen.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

Illustratioun Gripp | © picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod

D‘Chiffere vun der Santé sinn an absolutten Zuelen. D‘Augmentatioun géif sech deelweis duerch d‘Vakanz déi Woch virdrun erklären. Vill Dokteren a Patiente wieren net do gewiescht an et goufe manner Texter gemaach. Domat goufen och manner Grippefäll detektéiert. Fir de Recht d‘Grippewell schonn zënter e puer Wochen an engem mëttlere Stadium.

D‘Impfung bréngt nach eppes

Am Hierscht gëtt ëmmer een Opruff gemaach, fir sech impfen ze loossen. Eng 50 Prozent vun de Leit iwwer 65 Joer, déi also als vulnerabel gëllen, wiere geimpft.

Et géif awer och elo nach Sënn maachen, sech impfen ze loossen, betount de Xavier Bairin. Souguer, wann een dës Saison schonn eng Gripp hat. Et zirkuléieren nämlech verschidde Varianten. Wann een also eemol betraff war, garantéiert dat et de Schutz virun enger anerer Variant.

Et kéint bei verschiddene Leit iwwerdeems scho wichteg sinn, ze wëssen ob si d‘Gripp oder Corona hunn, erkläert de Xavier Bairin. Et wier awer virun allem epidemiologesch gesinn interessant, déi Donnéeën ze sammelen.

Lauschterenplay_arrow