Regierungsëmbildung: Neie brittesche Premier Burnham verdeelt Ministeschposten nei
Deen neie brittesche Premier Andy Burnham huet déi éischt Schlësselposte vu senger neier Regierung bekannt ginn. Finanzminister gëtt de fréiere Verteidegungsminister John Healey. Hien hat d'Regierung virun e puer Wochen aus Protest géint de fréiere Premier Keir Starmer verlooss.
Den Andy Burnham viru senger Ried virun der Downing Street Nr. 10 (Foto: EPA/NEIL HALL)
Neien Ausseminister a Groussbritannie gëtt den Energieminister vu bis elo, den Ed Milliband. Inneministesch bleift d‘Shabana Mahmood.
Den Andy Burnham war gëschter vum Kinnek Charles zum neie Premier genannt ginn. De Labour-Politiker huet duerno an enger Ried grouss Reformen ugekënnegt. Ënner anerem wëllt den Andy Burnham d‘Waasserversuergung a Groussbritannien nees verstaatlechen, méi Sozialwunnenge baue loossen, an de Gesondheetssystem NHS reforméieren.