Radioen

On air

Concert  |  Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

play_arrow Live
search

/ Lescht US-amerikanesch Geisel soll fräigelooss gi sinn

Noen Osten

Lescht US-amerikanesch Geisel soll fräigelooss gi sinn

 D‘Hamas hätt eng weider Geisel fräigelooss: Den 21-Joer alen US-Israeeli Edan Alexander wier zu Chan Junis am Gazasträif un d‘Rout Kräiz iwwergi ginn. Dat mellen eng Parti israeelesch Medien. Iwwer säi Gesondheetszoustand ass fir den Ament nach näischt bekannt.

auto_stories

1 min

Den Edan Alexander war wärend der Terrorattack op Israel, de 7. Oktober 2023, verschleeft ginn. Hien ass wéinst engem Ofkommes tëscht der Hamas an den USA, ouni Bedeelegung vun Israel, fräikomm. Hie soll méiglecherweis dann no senger Fräiloossung fir een Treffe mam US-President Donald Trump an de Katar reesen, esou eng Parti israeelesch Medie mat Verweis op dem Edan Alexander seng Famill. Dat awer just, wa säi Gesondheetszoustand et géif erlaben, heescht et weider. 

Den US-President ass um Méindegowend fir eng gréisser Tournée am Noen Oste fortgeflunn. Bis en Donneschdeg wäert hie fir d‘éischt Saudi-Arabien, an duerno Katar an d‘Vereenegt Arabesch Emirater besichen. Hie reest awer net an Israel.