Radioen

On air

Notturno  |  Circle City Band - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hamas wëllt Geisele fräi loossen - wann Israel mam Krich ophält

Noen Osten 

Hamas wëllt Geisele fräi loossen - wann Israel mam Krich ophält

De Weekend war eng Delegatioun vun der Hamas zu Kairo fir Diskussioune mat Ägypten, Qatar an den USA fir eng Waffepaus an der Gazasträif. Et géif hinnen drëm goen, fir Garantien ze kréien, datt Israel sech och wierklech un ee Waffestëllstand hält. 

auto_stories

1 min

Gaza, 12. Abrëll 2025 | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Gaza, 12. Abrëll 2025 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Wärend der éischter Wafferou, tëschent Mëtt Januar a Mëtt Mäerz waren 33 israeelesch Geisele fräi gelooss ginn, am Géigenzuch hat Israel 1.800 palestinensesch Prisonéier fräigelooss. Fir déi zweet Phase vun der Wafferou si béid Säiten sech bis elo net eens ginn.