D‘Hamas huet als Konditioun gestallt, nëmme weider israeelesch Geisele fräi ze loossen, wann Israel seng Truppen aus der Gazasträif ofzitt. Dat géif net geschéien, sou de Katz, a wann d‘Hamas d‘Geiselen net géif fräiloossen, da géifen déi israeelesch Zaldote weiderfuere mat den Asätz.
UNO weist sech besuergt
An och an d’Sécherheetszone géif keng humanitär Hëllef erakommen, huet den israeelesche Verdeedegungsminister matgedeelt.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet sech ganz besuergt gewisen iwwert déi sougenannte Sécherheetszonen, déi Israel elo op déi laang Dauer wëllt ariichten. Déi géife ronn 70 Prozent vun der ganzer Gazasträif ausmaachen. An déi humanitär Situatioun do wier sou schlëmm wéi nach ni virdrun.