Mat der israeelescher Attack op e Spidol an der Gazasträif wier eng Hamas-Zentral viséiert gewiescht, déi Erklärung huet Israel haut geliwwert. Iwwer Kritik un där Attack weist een sech zu Jerusalem skandaliséiert.
International Kritik un Israel
Déi Kritik koum virun allem aus Däitschland, méi genee vun der dätscher Ausseministesch Annalena Baerbock. Déi hat op X geschriwwen, datt den Hamas misst bekämpft ginn, mee dat humanitäert Vëlkerrecht misst respektéiert ginn. Wéi kéint e Spidol a manner wéi 20 Minutten evakuéiert ginn, freet déi däitsch Ausseministesch.
Israel huet pikéiert reagéiert, aus dem Ausseministère huet et geheescht, datt een sech eng schaarf Verurteelung vun der Hamas erwaart hätt. Déi hätt op en neist e Spidol mëssbraucht fir hier Aktivitéiten ze tarnen.
WHO widderleet israeelesch Meldungen
Aenzeien no wieren d‘Personal vum Spidol 18 Minutte virum Bombardement opgefuerdert ginn d‘Gebai ze verloossen. D‘WHO huet och israeelesch Meldunge widderluecht, deemno d‘Gebai net méi medezinesch géif genotzt ginn a bei der Attack net beschiedegt gi wier.
Den Urgencëservice, de Labo, d‘Rëntgenapparater an d‘Apdikt wieren zerstéiert ginn. 50 Patienten hätte misse verluecht ginn, 40 Schwéierkranker konnten net méi transferéiert ginn. Ee Kand wier gestuerwen, well et net méi konnt versuergt ginn, sou de WHO Generaldirekter Ghebreyesus.
Kritik vun Israel fir e palästinensesche Staat unzeerkennen
Déi däitsch Ausseministesch huet op en neits e feste Waffestëllstand gefuerdert. Déi israeelesch Geisele misste fräigelooss ginn an et misst nees humanitär Hëllef an de Gazasträif gelooss ginn.
Kritik koum aus Israel och un der Ukënnegung vum franséische Präsident Emmanuel Macron, datt Frankräich am Juni kéint e palästinensesche Staat unerkennen. Dat wieren onrealistesch Illusiounen, sou den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu.
EU-Ausseministertreffen decidéiert finanziell Hëllef
D‘EU-Ausseministere sinn sech de Moien um Conseil hei um Kierchbierg iwwer eng finanziell Hëllef an der Héischt vun 1,6 Milliarden Euro fir déi palästinensesch Autoritéit eens ginn. Dëse Budget dee bis 2027 verdeelt soll ginn, soll hëllefen, Gaza an d‘Westjordanland nees opzebauen an ze stabiliséieren, sou d‘EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas.