D'Géigemoossname concernéiere virun allem Stol a Mëllechproduiten.
Menace fir déi francophone Kultur?
Kanada refuséiert de "schlechten Handelsaccord", dee Washington proposéiert huet.
De Marc Carney schwätzt och iwwer eng Menace géint déi franséisch Sprooch a géint d'Culture québécoise, wou et virun allem ëm Subventioune geet fir déi francophone Kultur, der Plaz vun de franséischsproochegen Digitalmedien.
Washington wëllt nees reagéieren
Déi kanadesch Géigemoossname wäerten iwwerdeems de Pabeier, d'Elektronik oder nach Maschinnen an der Landwirtschaft concernéieren. Applizéiert ginn déi kanadesch Moossname vum 8. September un.
Washington huet awer doropshin annoncéiert, datt d'USA weider Taxen a Moossname géifen ergräifen.