Déi kanadesch Taxe sollen den 8. September a Kraaft trieden. D'Wueren, déi taxéiert géife ginn, hätten ee Wäert vu ronn 20 Milliarden US-Dollar.
Gëschter hat den US-President Donald Trump no de geplatzten Handelsgespréicher mat 50 Prozent Importtaxen op kanadesch Autoen, Camionen, Autosdeeler a Stol gedreet. Fir deen Effekt ofzefiederen, sollen déi betraffe Secteure staatlech Ënnerstëtzung an der Héicht vun iwwer véier an enger hallwer Milliard Euro kréien, esou déi kanadesch Regierung.
Trump wëllt "Lake Ontario" a "Lake America" ëmbenennen
Well een net méi domat rechnen, fir mat Ontario nennenswäert Geschäfter ze maachen, géif hien envisagéieren, fir de "Lake Ontario" a "Lake America" ëmzebenennen, esou den US-President op senger Plattform Truth Social.
De Premier vun der kanadescher Provënz Ontario, den Doug Ford, hat gëschter, no der Annonce vun den neien US-Stroftaxen, géint den Trump ausgeholl a gesot, hie kéint "säin Hënner këssen".
Den Doug Ford huet och ënner anerem envisagéiert fir de Stroum, dee Kanada an d'USA liwwert, anzeschränken. Ontario liwwert nämlech Stroum an d'US-Bundesstaaten New York, Michigan a Minnesota.