Déi rout Wiederwarnung gouf vun der Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations decidéiert, nodeems déi nei Wiederprevisioune vu Meteolux analyséiert goufen. Deemno sollen d'Temperaturen déi ganz nächst Woch aussergewéinlech héich bleiwen. Plazeweis kënnen et 40 Grad ginn. Dofir wäert déi rout Alerte och déi ganz nächst Woch gëllen, op d‘mannst bis e Freideg.
D‘Cellule d‘évaluation schreift an hirem Communiqué, dass et eng aussergewéinlech laang an intensiv Canicule ass, déi och en Impakt op d‘Populatioun an de Fonctionnement vun de Rettungsservicer huet. Well de Weekend iwwer vill Festivitéiten si wéinst Nationalfeierdag huet de CGDIS seng Equippe verstäerkt fir d‘Sécherheet vun der Populatioun ze garantéieren.
Brandgefor
Et gëllt och nach ëmmer de Message, säi Verhale virun allem am Fräien un déi héich Temperaturen unzepassen. D‘Brandgefor wier extrem héich.
Vun e Méindeg u setzt d‘Cellule d‘évaluation e gemeinsamen Operatiounsposten am nationale Krisenzenter zu Senneng en place. Dat fir méiglech Asätz ze koordinéieren.
D‘Cellule kënnt och e Méindeg de Moie rëm zesummen.
Zuchverkéier perturbéiert
D‘Hëtzt huet awer och Repercussiounen op den Zuchverkéier. D‘Temperaturen hunn ënner anerem Schued un de Schinnen tëschent Thionville a Metz gemaach, heescht et vun der franséischer Bunn. Bis e Méindeg nach, muss een sech op dëser Streck op staark Perturbatiounen astellen. A Frankräich trëfft d'Hëtzt awer insgesamt 60 Departementer, wou eng Vigilance organe gëlt.
Déi selwecht Hëtzt breet sech och an Däitschland aus. Zu Kitzingen a Bayern gouf gëschter de Rekordwäert vun 38,5 Grad gemooss.