Et ass eng roueg Plack dës Woch, an dat net aus Zoufall, mee aus Absicht. “I Can See” ass eng Aart zwielef-fälteg Soul-Ballad, déi mat ëmmer neie Melodien an deels neie Sänger ëmmer erëm eng nei Approche un de Genre sicht – a fënnt.
Well och wann den Hakim e beséilten an talentéierte Sänger ass, si seng Kollaborateuren op der Plack och net vu schlechten Elteren. Zousätzlech Stëmme komme vum Moses Sumney op "The Reason" a vun der June McDoom op villen aneren Tracks.
De Bléck vum Produzent
D’Arrangementer si wéi ëmmer vum Hakim selwer, woubäi een net sollt vergiessen, datt de Mann sech als Produzent schonn e puer Mol positiv bemierkbar gemaach huet, zum Beispill fir den Eddie Chacon oder de Loyle Carner.
Fir seng eege Musek kreéiert de Soulsänger aus Washington D.C. psychedelesch gefierfte Beats a Suitten, a bréngt och e bësse Lo-Fi-Indie-Rock mat eran.
Zënter sengem leschten Album "Cometa" aus dem Joer 2022 huet hien ënner anerem u Songs vun der Adrianne Lenker, der Miley Cyrus a vum Lil Yachty matgeschafft.
Op “I Can See”, een Album, deen de Sänger selwer als extreem perséinlech beschreift, sinn d'Iddien ufanks als intim Schlofzëmmer-Demoen entstanen, éier se hir richteg Form am Sonic Ranch zu Tornillo, Texas, an a verschiddene Studioen zu New York kritt hunn.
Produzéiert huet den Hakim zesumme mam Andrew Sarlo, deen och scho mat Dijon a Bon Iver geschafft huet.
Häerzno Klangfaarwen
Den Album ka wierklech als 12 verschidden Approchen un eng Soul-Ballad gesi ginn. All Song hëlt déi selwecht Grondstëmmung – lues, gedämpft, häerzno – mee probéiert se instrumental anescht ëmzesetzen.
Esou setzt "The Reason" op geschichtet Harmonien, "7 Days" op e konstanten, bal marschéierende Beat. Dat lescht Stéck "Water" op minimalen an extreem douce Piano, an "Endlessly Waiting" ernäert sech vu verschlofene Synthesizer.
Domat vermeit den Album trotz senger duerchgoend lueser Stëmmung eng gewëssen Aartefakt-Eintönegkeet – all Ballad kritt hir eege Faarf an Univers.
Een absolutten Héichpunkt vun der Plack ass zum Beispill "Soft Wet Clay": De Song fänkt interessanterweis net mat deem waarme, verwäschte Soul-Sound un, deen ee vum Rescht vum Album kennt, mee mat zackegen, digitale Beats an enger verzerrter Klangfaarf – e Raum voller Onrou a bal Paranoia.
Textlech geet et ëm eng Bezéiung, déi sech ëmmer nees verännert, awer am Kär déi selwecht bleift – an d’Forme vun esou enger Bezéiung.
Musikalesch ass et ee vun den Eck-Sténg vum Album, well et weist, datt den Hakim och mat méi dissonanter, méi digitaler Produktioun schaffe kann, ouni datt et aus dem Kader fält.
Klanglech Haptik
E weist och, wat dem Hakim seng wierklech Staarkt ass: Ee schéinen, klassesche Song ze schreiwen, an en duerno ze "ver-glitchen", ze verstoppen, ze doséieren, ze enthüllen.
Meeschtens geschitt dat gläichzäiteg mam Enthülle vun de Gefiller am Lyrics, well och déi Form vun der Verféierung beherrscht den Hakim bis op de Punkt. Esou wéineg Drama, esou wéineg Demonstrativitéit ass op dësem doucen Album ze fannen, datt e säin eegene Seuil definéiert: ee ganz déiwen, wou no enger hallwer Stonn lauschteren all klengt Geräisch zum Evenement gëtt.
D’Haptik vun all Stëmmeffekt, vun all Sinuswell, gëtt zum stëmmungsvollen Evenement an enger Musek, déi am Ufank gedreet hat, laanscht ze lafen, ze lues, ze sophistiquéiert.
Mee ënnedrënner ass eng kompositoresch Efficacitéit, déi een net ënnerschätze sollt, an déi mengen ech eng gutt Hallschent vun dëse Songs fir praktesch all Nolauschterer zu Ouerewuerm gi léisst.
D'Handwierk ass also top, d'Mëschung perfekt, d'Emotioun echt. Mee well all 12 Songs am selwechte lues-schwiewenden Tempo bleiwen, brauch een als Nolauschterer wierklech Gedold. Et ass net onbedéngt en Album fir tëschenduerch, mee ee fir deen ee sech bewosst Zäit hëlt.
Kee Stress
Fir mech ass "I Can See" eng Sammlung vun 12 nuancéierte Variatioune vun der selwechter Iddi – eng laang Meditatioun iwwer Léift, Verloscht, a Famillje-Bindungen heimat ze dinn hunn.
Wie sech drop aléisst, gëtt räich belount, mee fir d’éischt muss een aus der Reizüberflutung eraus, well an där wëllt dës Plack net mat konkurréieren – ganz am Géigendeel: Dat hei ass eng ganz kloer Entschleunegung fir Summermomenter ouni Obligatiounen.