arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infrastrukture fir elektresch Camionen an aner grouss Gefierer sollen erweidert ginn

Mobilitéit

|
reading time

2 min

Infrastrukture fir elektresch Camionen an aner grouss Gefierer sollen erweidert ginn

Ouni Infrastruktur kéint een d’Dekarboniséierung vu Gefierer wéi Camionen, Camionnetten oder Bussen net adäquat virundreiwen, esou den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles am 100,7-Interview.

reading time

2 min

E-Camion | © picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte
picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte (Foto: picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte)

Den Transportsecteur mécht zu Lëtzebuerg nach ëmmer méi wéi d’Hallschent vun den Zäregasemmissiounen aus.

Bei ëffentleche Borne fir E-Autoe wier een och gutt ënnerwee, fënnt de Wirtschaftsminister Lex Delles. Do hätt sech d’Zuel bannent de leschten dräi Joer verduebelt.

Allerdéngs géif et bei méi performante Borne fir méi grouss Gefierer wéi elektresch Camionen nach Loft no uewe ginn. Dofir wéilt een elo beim Gesetz eng Ännerung - esouwuel fir Camionen, Bussen an och Autoen - virhuelen.

Neien zweete Regimm fir méi séier un d'Aiden ze kommen

Bis ewell konnt een an engem Appel à projet bis zu 50 Prozent vun de Käschte vum Staat zeréckkréien. Dat heescht, deen, deen am mannste fir déi meeschte Borne freet, géif zeréckbehale ginn an Hëllef kréien, seet de Lex Delles. 

"Elo hu mir awer complementaire dozou nach en zweete Regimm agefouert, wou een, wann een eng Born an den ëffentleche Raum baut, déi 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 fir de Public erreechbar ass, da kann een hei bis zu 20 Prozent vun de Käschte kréien."

Op wéi eng Pist d’Entreprisen oder och Gemengen géife goe fir hir Aiden ze kréien, wier hir Decisioun, esou den DP-Wirtschaftsminister.

Entreprisë sollen encouragéiert ginn

Mat de Gemenge wier een do och an engem gudden Austausch. Et misst een natierlech zesumme kucken, op wéi enge Plaze weider Borne géife Sënn maachen. Grad fir déi méi grouss Gefierer kéimen och Aktivitéitszonen a Fro.

Mee och als Privatpersoun kéint een deemnowéi eppes bewierken. Beispillsweis fir Auto-Luedstatiounen a gewësse Quartieren. 

"Och do kommen ëmmer erëm Gemengen op eis duer, déi se entweeder direkt am Virfeld bei Parkamenagementer virgesinn oder well an engem bewunntene Quartieren d'Leit froen: Hei, kënnt dir net bei eis an der Strooss och mol Bornen opsetzen."

De Gesetzesprojet soll awer och Entreprisen, wéi zum Beispill Supermarchéen, dozou encouragéieren, Bornen, déi 24/7 accessibel sinn, ze organiséieren. Eng Méiglechkeet wier et dat op grousse Parkflächen ze maachen, esou nach de Wirtschaftsminister Lex Delles.