Radioen

On air

Moiesstudio  |  Serge Wilmes

play_arrow Live
search

/ ACEL: Studiejore solle weider ugerechent ginn

Diskussiounen iwwer Pensiounsreform

ACEL: Studiejore solle weider ugerechent ginn

Am Kader vun de Consultatiounen iwwert eng Reform vum Pensiounsystem war d‘ACEL, den Daachverband vun de Studentenorganisatiounen, de Mëttwoch bei der zoustänneger Ministerin Martine Deprez. D‘ACEL hätt mat der Ministerin ënnert anerem iwwert Fuerderungen a Saache Pensiounen aus Siicht vun de Studentenorganisatioune geschwat, sot den ACEL-Vize-President Gianni Di Paoli an eisem Moiesstudio.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

No Ausoe vun der Patronatsdaorganisatioun UEL, datt ee sech froe misst, ob an d‘Studiejoren an Zukunft weider fir d‘Pensioune solle kënnen ugerechent ginn, huet den ACEL Vize-President betount, et wier essentiel, doru festzehalen.

"Bis elo ass et jo esou, datt ee d'Studiejore kann am Kader vun Zourechnungszäite vun 18 bis 27 Joer urechne loossen. Dat heescht, fir datt ee ka mat 60 Joer an d'Pensioun goen, zielen déi dann do mat."

Dat wier eng Valorisatioun vum Studium a géif d‘Leit encouragéiere fir weiderhi studéieren ze goen. Dat géif an der Konsequenz och dozou féieren, datt Lëtzebuerg weider een attraktive Standuert kéint bleiwen.

"Mir brauche Leit, déi duerno zeréckkommen. Mir hunn elo schonn an der Medezinn an den Ingenieuren, wou sech ofdeit, datt mir e Mangel hunn, an d'Leit brauchen, déi net zeréckkommen. An dofir ass et fir eis och vu fundamentaler Bedeitung, datt déi Studiejoren och weiderhin unerkannt ginn."