Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Tom Delles: Et ass d'Aufgab vum Fonctionnaire fir fir demokratesch Wäerter anzestoen

No Virfall zu Ettelbréck

Tom Delles: Et ass d'Aufgab vum Fonctionnaire fir fir demokratesch Wäerter anzestoen

Den Direkter vun der Akerbauschoul Tom Delles hat bei der Aweiung vun engem Monument fir Zwangsrekrutéiert zu Ettelbréck rezent refuséiert dem ADR-Deputéierete Jeff Engelen d'Hand ze ginn, well fir hien d‘ADR eng riets-populistesch Partei wier. Dorop hat d‘ADR e Bréif un de Minister vun der Fonction Publique geschéckt an d'Fro vun der Beruffsethik opgeworf.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

Tom Delles | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

Den Interview mam Tom Delles:

Lauschterenplay_arrow

Den Tom Delles ass der Meenung, datt et d‘Aufgab vum Fonctionnaire wier, fir demokratesch Wäerter anzestoen a genee dat hätt hien als Privatpersoun an dësem Fall och gemaach. Hien insistéiert drop, datt een als Schouldirekter och ee Bildungsoptrag fir d'Jugend hätt.

"An dozou gehéiert net nëmmen, datt se e Fachwësse kréien, mee et gehéiert eng Virbereedung op eis Gesellschaft an op d'Problemer vun der Gesellschaft dozou."

Fred Keup: E Lycéesdirekter muss politesch neutral sinn

Den ADR fillt sech no den Aussoe vum Direkter vun der Akerbauschoul Tom Delles de Moien am 100,7 Interview a senger Kritik confirméiert. Wéi deem seng perséinlech politesch Meenung géif ausgesinn, wier eng Saach, a senger Funktioun als Schouldirekter vun der Akerbauschoul a Fonctionnaire wieren esou Aussoen awer inacceptabel, mengt den ADR Deputéierten Fred Keup

"Et war jo an dem Sënn ganz interessant well op ärer Antenn huet den Tom Delles jo zouginn, datt hie sech absichtlech a wëssentlech net un d‘Neutralitéitsgebot gehalen huet an e gewielten Deputéierten ëffentlech ugegraff huet, wärend senger Funktioun als Staatsbeamten, also als Schouldirekter."

Wat nach méi schlëmm wier, wier datt den Tom Delles et als säi Bildungsoptrag géif gesinn, fir seng politesch Vuen an der Akerbauschoul un d‘Schüler virun ze ginn, sou de Fred Keup.

Aussoe waren net mam Educatiounsministère ofgeschwat

Och den Edukatiounsminister huet an Tëschenzäit réagéiert, d'Aussoe vum Tom Delles wieren net mam Ministère ofgeschwat, an de Ministère wier och net iwwert den Optrëtt vum Här Delles beim 100komma7 informéiert ginn. Den Tom Delles hätt e puer Mol ënnerstrach, datt hien hei als Privatpersoun agéiert huet. E Fonctionnaire hätt esou wuel am Exercice vu senger Funktioun wéi och doriwwer eraus Obligatiounen, sou nach de Ministère. Déi zoustänneg Servicer wiere mat dëser Fro saiséiert ginn, heescht et weider.