Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
search

/ Joe Del Toe: De Gesondheetsclown

Sot Emol

Joe Del Toe: De Gesondheetsclown

Jidderee vun eis war wuel schonn an engem Zirkus oder huet och emol Zirkus op der Televisioun erlieft. A et ginn der ganz vill déi da gespaant op d’Clowne gewaart hunn. Egal op wéi eng Manéier se optrieden, iergendwéi brénge Clownen et dach ëmmer fäerdeg een ze faszinéieren. Et mengt ee wuel ëmmer datt bei hinnen alles dernieft ass, mee et mierkt awer ganz séier wat de Clown dach fir eng grouss Konscht ass.

auto_stories

2 min

headphones

56 min

play_arrow

De Clown ass eng Konschtform déi ganz no un a ganz no bei de Leit ass. An et ass genee dat wat de Joe Del Toe mécht. Hien mol als Clown Jokes ënnerwee oder och als Gesondheetsclown Charel, als deen hie besonnesch kranke Mënschen, jonk an al, e bësse Freed an Ofwiesslung brénge wëll.

“Ech wëll e klenge Changement bréngen”

E Gesondheetsclown gëtt och dacks e Kliniksclown genannt. Fir deem Ganzen awer eng positiv Konnotatioun ze ginn, schwätz de Joe Del Toe léiwer vum Gesondheesclown. Hien ass fill a Klinicken a Foyeren ënnerwee wou hien direkt an ongefiltert op d’Mënschen duer geet.

“Fir do e klenge Changement eran ze bréngen a si vläicht aus hire Reserven ze lackelen an op aner Gedanken ze bréngen.”

“Et brauch ee méi Sensibilitéit”

De Gesondheetsclown an den, fir et esou ze soen, normale Clown ass am Fong dee selwechte Beruff. Just datt de Gesondheetsclown eng aner Approche huet. Vesonnesch ass fir de Joe del Toe dee vill méi noen an intensive Kontakt mat deem Mënsch dee vis-à-vis vun engem steet.

“Du léisstdech op seng Welt an, du probéiers hien net an deng Welt ze zéien a wat s du grad méchs. Du kucks wou ass dee grad a wat kann ech him bidde fir datt en sech wuel fillt.”

Déi klengste Mask vun der Welt

De Joe Del Toe huet seng Clownformatioun, och als Gesondheetsclown, op der Tamala-Clown-Akademie zu Konstanz um Bodensee gemaach. Déi roud Nues ass natierlech d‘Haaptaarbechtsgeschirr vum Clown, an dat ass beim Joe Del Toe net anescht. Soubal de Joe Del Toe seng rout Nues undeet mécht dat eppes mat him.

“Dat ass déi klengste Mask vun der Welt an dat mécht schonn eppes mat mer. Virun allem fir Clown ze sinn an dat ze spieren, wat ech deen Ament spieren, hunn ech just wann ech d’Nues undinn.”

Lauschteren