Wat wier mäi perfekten Alldag, meng perfekt Stad, oder perfekt Duerf a Welt? A virun allem: Wéi maachen ech dat, fir genee déi Iddi och ëmzesetzen? Genee dorëms goung et op der Kannerkonferenz. An Atelieren hunn d'Kanner entweder kënnen ee Video realiséieren, eppes molen, oder eng Maquette produzéieren, erkläert d’Sarah, dat d'Konferenz mat organiséiert huet.
"Et geet am Fong mol drëms, fir datt si sech och bildlech kënne virstellen oder och, wa si eppes wëllen erklären, datt si eng Upak hunn, wéi dat herno kéint ausgesinn. A beim Kreéiere kommen och erëm deelweis nei Iddien, wat ganz spannend ass."
Eppes fir de gudden Zweck maachen
D'Thematike ware ganz ënnerschiddlech: Eng Iddi war dëst Joer e puermol opgetaucht, an zwar:
"Ech wollt e Roboter fir meng Kummer ze botzen, well ech ëmmer keng Loscht hunn. Ech sinn ze faul."
Aner Kanner wënsche sech méi Installatiounen op hire lokale Spillplazen. Kleng Projeten oder Saache realiséiere fir de gudden Zweck ass och eppes, dat beschwat ginn ass. Verschidde Kanner haten och do well konkret Iddien.
"Mir wollte selwer gemaachte Smoothien zu Useldeng maachen an déi verkafen."
Bréiwer un de Minister
Ee ganz speziellen Atelier huet den Departement fir d'Kannerrechter vum Educatiounsministère proposéiert. D'Kanner kënnen do, wéi an enger Post, eng Käertchen, ee Bréif oder ee Bild un de Minister adresséieren. Een Theema huet dobäi dominéiert: De Mobbing.
"Ech hunn him geschriwwen, datt si oppasse solle mam Mobbing, well an eiser Schoul an am Lycée ginn der vill gemobbt."
An d'Franziska huet sech fir d'Ukrain agesat.
"Datt Kanner, déi an der Ukrain wunnen, wou Krich ass, datt si Iesse kréien an datt si aus der Ukrain fort kënne goen, well do ass et schlëmm."
D'Iddie bei de Kanner hunn net gefeelt. Wat awer opfält ass, datt si scho ganz fréi mat ganz seriöen Theeme konfrontéiert sinn.