Radioen

On air

De Weekend  |  Jungle - Back On 74

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kollektivvertrag bei Luxair gouf e Méindeg ënnerschriwwen

Accord bei Luxair

De Kollektivvertrag bei Luxair gouf e Méindeg ënnerschriwwen

An éischter Linn sollen d'Buedem- a Kabinnepersonal, grad wéi d'Piloten, fir hir Efforte wärend der Corona-Pandemie belount ginn. Dat ënner anerem iwwer Avancementer am Barème, déi wärend der Pandemie op Äis geluecht gi waren, esou de Paul De Araujo vum LCGB.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Luxair | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Luxair (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

De Paul De Araujo vum LCGB begréisst, datt ee bei der Luxair e Kollektivvertrag ënnerschriwwen huet. D'Luxair huet en Dënschdeg an engem Schreiwes matgedeelt, datt de Kollektivvertrag e Méindeg mam LCGB an OGBL ënnerschriwwe gouf. Nodeems am Januar d'Verhandlunge gescheitert waren, hätt den Dossier an d'Conciliatioun solle goen. Doropshi wier d'Luxair nees op d'Gewerkschaften zoukomm, esou de Paul De Araujo.

Belounung fir Efforte wärend Corona-Pandemie 

An éischter Linn sollen d'Buedem- an d'Kabinnepersonal esou wéi d'Piloten a Pilotinnen fir hir Efforte wärend der Pandemie belount ginn. Ënner anerem andeems d'Avancementer am Barème, déi wärend der COVID-Pandemie op Äis geluecht gi waren, erëm sollen ageféiert ginn. Dëst réckwierkend op den 1. Januar vun dësem Joer.

D'Verhandlunge sinn awer nach net ofgeschloss: Bei 3 weidere Kommissioune sollen nach Detailer ausgeschafft ginn. Am Kader vun dräi Kommissiounsparitäre missten elo d'Diskussiounen a Verhandlunge weidergoen, esou de Paul De Araujo: 

"Dat ass dat eent natierlech, wat een elo an dësem Kollektivvertrag nach net konnt evakuéieren. Dat ass notamment eng komplett nei Grille-Salaire fir d'Buedempersonal a fir d'Agents de Cabine, déi u sech och hire Responsabilitéiten, hire Formatiounen, hire Karriären och entsprécht."

Lauschterenplay_arrow

Eng zweet Kommissiounsparitär, déi beschloss gi wier fir weiderzefueren, wier eng komplett Analys vun de Fluchstonnen. Do misst dee ganze System nei iwwerkuckt ginn. Weider wéilt een och eng drëtt Kommissioun, déi de ganze Kollektivvertrag soll moderniséieren a klarifizéieren, esou nach de Paul De Araujo vum LCGB.