D'Weltuerdnung géif den Ablack nei geschriwwe ginn, esou d'Blanche Weber. Nom Duktus vun der Friddenssécherunge géife finanziell Moyen deblockéiert ginn, déi an d'Rüstungsindustrie fléissen, an déi bei Wäitem méi héich wieren, wéi déi déi géint d'Bekämpfe vun der Klimakris agesat géife ginn, esou Presidentin vun der ONG.
"E kloren Appell vum Kongress vum Mouvement ass: Klimaschutz a Biodiversitéitsschutz ass och Friddenssécherung par excellence, grad ewéi Bildung an Demokratie. Investéiert elo massiv an dës zukunftweisend Beräicher."
De Mouvement écologique fuerdert dann och op en Neits, datt d'Regierung e Plan sociale pour le clima virleeë misst, fir sozial schwaach Haushälter déi ekologesch Transitioun ze erméiglechen.
An deem Punkt huet den Energieminister Lex Delles, dee gëschter um Mëttwoch um Kongress vun der ONG war, ënnerstrach, datt e Pre-Finanzement vu Photovoltaikanlagen aus deem Grond ageféiert soll ginn. De Gesetzesprojet heizou läit scho vir.
Lex Delles widdersprécht der Blanche Weber
De Mouvement écologique huet un d'Regierung appelléiert, datt erneierbar Energië méi bëlleg bleiwe musse wéi fossil Energien.
"Stellt och eng konsistent Stroumpräispolitik sécher! Stellt sécher, datt Sonn a Wand méi bëlleg bleiwe wéi fossil Energien. Bedeelegt Iech dofir un de Käschte vum Netzausbau. Stellt eng Reform vun den Energiepräisser sécher, wou d'Leit wierklech mat op de Wee ginn."
Energiepräisser waren an de leschte Méint an d'Luucht gaangen, wat och d'Käschtepunkte fir Elektroautoen an d'Luucht gedréckt huet. De Minister Lex Delles huet erkläert, datt an deem Beräich de Präis zënter 2021 net méi geklomme wier.
"Parallel dozou, den 31. Dezember, war den Energiepräis nach genau dee Präis vun 2021. De Mazout ass awer weider eropgaangen, den Diesel ass weider eropgaangen, de Bensinn ass weider eropgaangen. Dat heescht, de Verglach einfach esou ze maachen, ass net méiglech."
De Stroumpräisdeckel gouf 2021 ageféiert. D'CSV-DP Regierung hat de Stroumpräisdeckel am Februar hallwéiert.
Oekozenter stellt Deel vu sengen Aktivitéiten an
Den Oekozenter wäert iwwerdeems een Deel vu sengen Aktivitéiten Enn dëst Joer astellen, dorënner seng Roll als Ëmweltberoder fir Entreprisen. Dëst hu Vertrieder vum Oekozenter och um Kongress vum Mouvement écologique annoncéiert. Et géife genuch aneren Acteure ginn, déi dëser Aufgab nokomme kéinten, esou de President vum Verwaltungsrot vum Oekozenter Théid Faber.
D'Berodung vu Gemengen, Veräiner an eebe Betriber, ass ee vun den Haaptpiliere vum Oekozenter. Zwee bis dräi Leit géingen doduerch hir Aarbecht verléieren, mee déi hätte schonn nei Plaze sécher, esou d'Blanche Weber am 100,7-Interview.