arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LCGB/OGBL froen dringend Reunioun beim Premier wéinst Sozialdialog un

Gewerkschaften

|
reading time

3 min

LCGB/OGBL froen dringend Reunioun beim Premier wéinst Sozialdialog un

D’Gewerkschaftsunioun aus LCGB an OGBL huet eng Réunion d’urgence beim Premierminister Luc Frieden ugefrot fir iwwer de Sozialdialog ze schwätzen. Eng entspriechend Invitatioun hunn d’Gewerkschaften de Moien un de Premier geschéckt. Dat huet den LCGB-President Patrick Dury bekannt ginn.

reading time

3 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

D’Gewerkschaftsunioun huet sech de Moien op en Neits enttäuscht gewisen iwwer d’Situatioun vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg. Ënner anerem bei der Mindestlounerhéijung an der Ëmsetzung vun der Plattformdirektiv géif een e Stëllstand konstatéieren.

"Éierlech mateneen diskutéieren"

Och ënner dem Aarbechtsminister Marc Spautz hätt ee keng Fortschrëtter gemaach. Duerch eng Reunioun mam Premierminister hofft d’Gewerkschaftsunioun elo déi Blockad ze léisen, esou d'OGBL-Presidentin Nora Back

"Dass et erëm seriö weidergeet, dass mir eis un den Dësch sëtzen, matenee schwätzen, sech an d'Ae kucken an éierlech, intellektuell éierlech matenee sinn a verhandelen an diskutéieren an dann eeben och soen, wann een näischt wëll maachen, da muss een een engem net soen, da kann een anere soen, ech sinn net d'Accord."

Beim Mindestloun an der Plattformdirektiv misst d'Regierung an d'Gäng kommen

D’Erhéijung vum Mindestloun wier de  Sujet, dee vun der Regierung schonn am längste géif schleefe gelooss ginn, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back. D’Gewerkschaftsunioun fuedert hei eng Erhéijung vun 11 Prozent.

"Dat soll eng Lounerhéijung sinn. Well dat ass e Loun, wou déi Leit kréien. An dat soll net eng sozial Almosepolitik sinn. Dat soll keng Steierkreditter sinn oder Sozialhëllefe sinn."

Och bei der Ëmsetzung vun der Plattformdirektiv hätt et bis ewell keng Fortschrëtter ginn, esou den LCGB-President Patrick Dury. Déi Direktiv soll d’Aarbechtskondtiounen vu Leit déi fir Online-Plattforme schaffe méi kloer reegelen.

"Mir brauchen hei eng politesch Decisioun vum Aarbechtsminister a keng onendlech Diskussiounen iwwert d'Definitioun wat d'Plattformaarbecht ass. Wéi d'UEL se féiert am Public, dat hutt Der jo matkritt. D'Direktiv ass ganz kloer wat d'Plattformaarbecht ass."

Regierung reagéiert

Den CSV Aarbechtsminister Marc Spautz huet de Mëtteg am 100,7 Interview och op d’Kriticke vun de Gewerkschaften iwwert de Mindestloun reagéiert. D’Gewerkschaften hunn der Regierung virgehäit,  kéng strukturell, mee just déi automatesch Upassung vum Mindestloun wëllen ze maachen, an dat och schonn decidéiert ze hunn, ouni mat de Gewerkschaften driwwer ze schwätzen.

De Marc Spautz sot am 100,7 dozou: D‘Regierung hätt keng Decisioun iwwert de Mindestloun geholl. Hie géif elo bilateral Consultatioune mat de Gewerkschaften a mat de Vertrieder vum Patronat organiséiere fir iwwert de Mindestloun ze diskutéieren. Et wier de Wonsch vun der Regierung, fir beim Mindestloun, esou wéi eng EU Direktive et recommandéiert,  op 60 Prozent vum Median-Loun ze kommen, esou nach den Aarbechtsminister.

Gewerkschaften dreeën domat nees op d'Strooss ze goen

Et hätt een d’Gefill, dass d’Regierung d’Dossieren express géif an d’Längt zéien.

"Et ass alles mol gutt laang an d'Längt gezu ginn, an da gëtt gesot, jo, mee kuckt, d'Ënnerscheeder si sou grouss tësche Patronat a Gewerkschaften, mir kënne guer näischt maachen, do hu mer besser guer näischt ze maachen."

Sollt d’Regierung de Gewerkschaften net entgéint kommen, andeems se sech mat hinnen un en Dësch sëtzt an dann och een Austausch op Aenhéicht féiert, da géif een seng Leit mobiliséieren an op d’Strooss goen, esou nach d’Vertrieder vun der Gewerkschaftsunioun.

KI-Dësch war e gudden Ufank

Och am Beräich KI erwaart d’Gewerkschaftsunioun sech elo Fortschrëtter. De KI-Dësch d'lescht Woch wier e gudden Ufank gewiescht, mee et wéilt een  elo esou séier wéi méiglech konkret Resultater gesinn.