arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP: Strikt europäesch Reegelen a Punkto Dateschutz dierfen net verwässert ginn

Dateschutz

|
headphones

2 min

LSAP: Strikt europäesch Reegelen a Punkto Dateschutz dierfen net verwässert ginn

D‘Chamber soll e staarkt Signal op Bréissel schécken fir en zolitten Dateschutz a géint eng ze vill staark Dereguléierung. D‘LSAP wëllt an engem avis juridique d‘Positioun vun der Lëtzebuerger Chamber a Saachen europäescht Omnibus-Gesetz kloer maachen.

headphones

2 min

Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Déi geplangten Reform vun verschiddene Gesetzer am Beräich Digitaliséierung dierft deemno net op Käschte vum Dateschutz goen. Mam sougenannten Omnibus-Gesetz wëllt d‘EU-Kommissioun eng Rei vun digitale Reegele vereinfachen, dat am Interêt vun der europäescher Ekonomie.

LSAP: Dateschutz viru Simplificatioun 

Well de Projet bei villen ONGen an Dateschützer, an och am Europaparlament bei Liberalen, Gréngen a Sozialiste fir Kritik gesuergt huet, huet d‘LSAP sech an der zoustänneger Chamberkommissioun fir d‘Ausschaffe vun engem avis politique agesat. Et kéint net sinn, datt déi strikt europäesch Reegelen elo verwässert ginn, sou den LSAP Deputéierte Ben Polidori. 

"Datt mer u sech do d'Attack op den Europäer hir Daten, datt mer déi ofwieren." 

Dorëms géif et an hirem politeschen Avis och goen, esou de Ben Polidori. 

"Ech mengen och, datt dat misst kloer sinn, mat aller Léift zur Simplificatioun, sief dat am Kader vum Once only oder an anere Kontexter, wou mer dat natierlech och mat begréissen, mee et muss ëmmer eng kloer Linn do sinn, datt perséinlech Date musse geschützt sinn an net zur Dispositioun sinn." 

Regierung wéilt keng Verwässerung

Déi zoustänneg Regierungsmemberen Elisabeth Margue a Stephanie Obertin hu gëschter drop verwisen, datt Lëtzebuerg d‘Balance wéilt halen tëschent engem héije Standard beim Dateschutz a pragmatesche Léisunge fir déi europäesch Betriber, esou d‘Digitaliséierungsministesch Stephanie Obertin. 

"Eisen europäeschen an och Lëtzebuerger Modell baséiert op Vertrauen. An dëst Vertraue bleift nëmmen erhalen, wa mir sécherstellen, datt ons Donnéeë kënne valoriséiert ginn, an dat responsabel an och transparent."

D'Zil vun der Regierung wier et net, den Dateschutz ze verwässeren, esou d'Ministesch. 

"Eist Zil ass et, den RGPD un déi nei Realitéiten unzepassen. An dat ass méi e generellen an och de Kärprinzip vun der digital Politik a mengem Ministère: Eng Simplification administrative am Aklang mam Dateschutz." 

Den Text vum Avis soll elo an enger nächster Kommissiounssitzung vun der LSAP virgestallt ginn an engem Vott ënnerbreet ginn.