Radioen

On air

Notturno  |  The Mauskovic Dance Band - Face

play_arrow Live
search

/ Landtagswalen: AfD an Thüringen verbitt der Press Zougang zur Walparty

Däitschland

Landtagswalen: AfD an Thüringen verbitt der Press Zougang zur Walparty

Haut sinn a Sachsen an an Thüringen decisiv Landtagswalen. Am Mëttelpunkt steet d’Fro a wéiwäit d’AfD gutt kann ofschneiden. Déi rietsextreem Partei kéint eng éischte kéier stäerkste Partei ginn. An Thüringen géif d’AfD de Sondagen no ganz vir leien.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Martin Schutt

A grad zu Thüringen huet d’AfD decidéiert all de Journalisten a Journalistinnen den Zougang zur Walparty ze verweigeren.

De Spiegel, d'Bild Zeitung, d'TAZ an d'Welt haten um Geriicht eng Plainte agereecht fir géint den Ausschloss vun hire Journalisten a Journalistinnen ze protestéieren.

D’Geriicht hat decidéiert datt d’AfD all de Journalisten dee selwechten Zougang zur Walparty misst accordéieren. Mam Resultat datt d’AfD elo decidéiert huet, datt guer kee vun der Press op der Walparty derbäi dierft sinn. An d’Plaz géifen et just Interviewe gi fir d’Press op enger anerer Plaz an zwar am Thüringer Landtag.