“Mir kucken eis d’Zuelen un, well Amerika eng ganz wichteg Laangstreckendestinatioun ass.”, seet de Michael Gloor vun der Union luxembourgeoise des agences de voyages (ULAV). Et wier souguer déi Destinatioun, déi - historesch gesinn - am meeschte géif gebucht ginn. Virum Hannergrond vun der aktueller amerikanescher Politik, géife scho Cliente mat Froen an d’Reesagencë kommen.
Gefillten 20 Prozent
De Michael Gloor gesäit dee grousse Minus vun iwwer 40 Prozent selwer awer net. Et géif wuel e signifikante Réckgank bei de Reesen and’Vereenegt State ginn, mee dee léich éischter bei ënner 20 Prozent. Woubäi d’US-Politik schonn Auswierkungen hätt, eng Politik, déi och vill Plaz an de Medien anhuele géif.
“Die Leute lesen selbstverständlech die Medien und die Nachrichten und können dann entsprechend davon auch beeinflusst werden.”
Fir den ULAV-Vertrieder ass et d’Roll vun den Agencen, de Leit ze hëllefen a si ze berouegen, ma d’Regele fir d’Arees an d’USA hätten net geännert.
Grouss Destinatioune géife weiderhin unzéien
Et hätt ëmmer Fäll vun Zréckweisunge bei der Arees ginn, mee aktuell wieren him keng esou Fäll bekannt. D’Vereenegt State bléiwen och e wichtegen Deel vum Reeskuch.
“Das kann aber auch mal von Jahr zu Jahr ein bisschen schwanken. Dann ist mal Kanada wieder ein bisschen mehr, dann gibt es Hype-Destinationenwie aktuell zum Beispill Japan, durch die Weltausstellung, wo sehr viel mehr Kunden hinfliegen möchten.”
D’Lëtzebuerger Tourismusbranche géif och net zesummebrieche wéinst engem Réckgank bei den US-Zuelen. A well d’Vereenegt Staten touristesch vill ze bidden hätten, géifen Destinatioune wéi zum Beispill New York och weiderhi Lëtzebuerger:innen unzéien.