arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lucky Punch an der Nospillzäit: Kanada steet an der Aachtelsfinall

Fussball-WM 2026

|
reading time

2 min

Lucky Punch an der Nospillzäit: Kanada steet an der Aachtelsfinall

Kanada steet als éischt Natioun an den Aachtelsfinalle vun der Fussball-Weltmeeschterschaft. An engem Match op Aenhéicht konnten d'Co-Organisateure vun dëser WM géint Südafrika an der Nospillzäit deen eenzege Gol vun der Partie schéissen.

reading time

2 min

De Stephen Eustaquio mam entscheedende Gol | © EPA/SCOTT STRAZZANTE
De Stephen Eustaquio mam entscheedende Gol (Foto: EPA/SCOTT STRAZZANTE)

Mat 1:0 konnte sech d’Kanadier géint Südafrika duerchsetzen. An engem Match, an deem vu béiden Ekippen eng gewëss Nervositéit ausgaangen ass, an deemno vill onprezis Passe gespillt goufen, waren et d’Südafrikaner, déi an der éischter Hallschent méi vum Match haten.

D’Kanadier hunn am Géigenzuch probéiert, séier no vir ze spille wa si de Ball haten, mee dat ass hinnen net dacks gelongen.

Neie Schwong mam Bayern-Star

An der zweeter Hallschent ass de Match verflaacht. Déi eenzeg gutt Chancë sinn op de Kont vu Kanada gaangen. Wéi dunn an der 75. Minutt de kanadeschen Ausnamespiller Alphonso Davies agewiesselt gouf, krut de Match neien Elan.

Et huet allerdéngs bis an d’Nospillzäit gedauert, bis d’Kanadier de Lucky Punch fonnt hunn. Um Strofraum kritt de Stephen Eustáquio de Ball a schéisst e per Volley an de Gol.

D’Kanadier treffen elo de 4. Juli op de Gewënner vum Match Holland géint Marokko.

Weider 16.-Finall-Partien:

Däitschland – Paraguay

Brasilien – Däitschland

Holland – Marokko

Elfenbeinküst – Norwegen

Frankräich – Schweden

England – DR Kongo

Mexiko – Ecuador

Belsch – Senegal

USA – Bosnien Herzegowina

Spuenien – Éisträich

Portugal – Kroatien

Schwäiz – Algerien

Australien – Ägypten

Argentinien – Cap Vert

Kolumbien - Ghana