arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manifestatioun vu Pro-Vëlo: Gefuerdert gi méi sécher Vëlosweeër am ganze Land

Mobilitéit

|
reading time

2 min

Manifestatioun vu Pro-Vëlo: Gefuerdert gi méi sécher Vëlosweeër am ganze Land

Eng 300 Vëlosfuerer hu sech de Mëtteg enger Manifestatioun vu Pro-Vëlo ugeschloss. Nieft de méi sécher Weeër fir Vëloen an dat am ganze Land, misst een och eng Trennung hunn tëschent dem Vëlo an dem Foussgänger, fuerdert d’Pro-Vëlo, déi eng 12 Vereenegunge regroupéiert.

reading time

2 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Vum Hellege Geescht Plateau erof bei de Campus Geesseknäppchen. Déi eng Statioun féiert d’Läit dohinner wou ee Vëlosfuerer ëm d’Liewe komm war.

Foussgänger vum Vëlo trennen

D’Zil vun där Manif ass, de Public ze sensibiliséieren an op d’Problemer hinzeweisen, mat deenen se am Alldag beim Vëlofuere konfrontéiert sinn. Gebraucht gi spezifesch Vëlosinfrastrukturen, seet Monique Goldschmit vu Pro-Vëlo.

"Besser Vëlosinfrastruktur, déi ganz kloer och getrennt vum Foussgänger muss sinn, fir datt de Foussgänger och seng Plaz huet, an dat ass ganz, ganz wichteg, dass de Foussgänger roueg kann do goen, wou hie wëllt goen."

Dofir bréicht ee gutt Infrastrukturen. 

"Dat Zesummen, dat Mixt, dat ass absolutt net méi dat, wat zäitgeméiss ass. Zemools wann ëmmer méi Vëlosfuerer kommen an et geet einfach drëm, fir eng aner Liewensqualitéit och ze schafen, eng aner Zesummeliewen an enger Stad, oder an enger Uertschaft, déi méi roueg gëtt." 

Et géif net duergoen an der Stad eppes ze änneren. Déi Manif ass fir d’ganzt Land geduecht, esou d’Monique Goldschmit.

"Ech menge mir brauche sécher Vëlos fir am ganze Land a mir brauche virun allem och tëschent eisen Dierfer iwwer Land gutt Verbindung. Mir kréien ëmmer méi Zentralschoulen, Zentralschwemmen, Zentralkulturzentren an datt d'Kanner kënne sech net méi vun enger, vum Nopeschduerf an hir Schoul, déi da vläicht zwee, dräi Kilometer ewech ass, mam Vëlo deplacéieren." 

Net just d'Stad misst aner Infrastrukture kréien

Och iwwer Land misste Méiglechkeete geschafe ginn. 

"Fir déi Leit, déi dat wëlle maachen, datt déi dat an aller Sécherheet kënne maachen."

Um Belval gëtt et eng Vereenegung d’Haus vum Vëlo, de President de Jean Larock fuerdert, datt de Vëlo esou traitéiert gëtt ewéi den Auto, dat heescht datt en seng eege Garage kann hunn, oder securiséiert Parkplazen.

"Le principe d'un déplacement, c'est aller d'un point A à un point B. Bien souvent, le point B pose problème, que ce soit au travail, dans les zones commerciales, etc. Il n'y a pas suffisamment d'emplacement de vélo."

Déi Manif mam Vëlo soll d’Politik drun erënneren datt d’Problematik vun der Sécherheet fir Vëlosfuerer nach ëmmer net gereegelt ass. A Beispiller, datt et a Stied awer geet fir Léisungen ze fannen, ginn et der puer. De Jean Larock schwäermt vu Paräis.