Radioen

On air

Notturno  |  Nick Waterhouse - Play To Win

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Natur&Ëmwelt: Den Ëmweltschutz steet net a Konkurrenz mat der Wirtschaft

Naturschutz

Natur&Ëmwelt: Den Ëmweltschutz steet net a Konkurrenz mat der Wirtschaft

D’Caritas-Affär huet och fir d’Organisatioun Natur&Ëmwelt een Impakt op d’Spenden. D'Done sinn zejoert ëm 40 Prozent zeréckgaangen, seet de Patrick Losch, President vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur, um Mëttwochowend op der Neijoerschreceptioun am Haus vun der Natur. Eréischt bei der Aktioun "Dag vum Bam" koumen d’Donateuren nees zeréck.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Neijoerschpatt Natur&Ëmwelt | © Carole Schimmer play_arrow
Foto: Carole Schimmer

Den Ëmweltschutz stéing net a Konkurrenz mam Wunnengsbau oder mat der Wirtschaft, betount de Roby Biwer, President vun Natur&Ëmwelt. D’Naturschutzgesetz dierft net ofgeschwächt ginn.

"Logement ass natierlech e Problem, aner Diskussioune sinn natierlech e Problem, de Wuesstem brauche mir, mee et däerf net op d'Käschte vun der Natur goen."

Bauere ginn an ee Kader gezwongen

Natur&Ëmwelt huet an de leschte Joren ee Réckgang vun de Vullenaarten zu Lëtzebuerg déi am Oppeland liewen, an do war et ee Message un d’Landwirtschaft. Am Kontakt mat Bauere géif ee mierken, datt ee staarken Interesse do wier, méi natierlech ze produzéieren an der Natur méi Chance ze ginn.

"Mee déi sinn an ee Kader agezwängt, dee si praktesch forcéiert esou ze wirtschaften, datt et zum Defaveur vun den Aarten ass am Oppeland."

Wëldpopulatioun zerstéiert jonk Beem

A punkto Bëscher misst ee mat engem Verloscht vun 30 Prozent vun den aktuelle Beem rechnen. D’Beem misste wéinst dem Klimawandel ugepasst ginn. Vum Patrick Losch ass et och den Opruff un d’Jeeër:innen, de Bestand u Wëld ze reduzéieren. D‘Wëldpopulatioun wier amgaang hiren eegene Liewensraum, an dee vum Mënsch, ze zerstéieren. Dat misst een onbedéngt an de Grëff kréien.

Duerch d‘Klimakris géifen et ëmmer méi Réi ginn an de Bëscher an déi géife jonk Beem massiv zerstéieren.

  Lauschterenplay_arrow