arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei EU-Reegele fir Fluchpassagéier: Wat ännert sech?

NO 10 JOER VERHANDLUNGEN

|
reading time

4 min

Nei EU-Reegele fir Fluchpassagéier: Wat ännert sech?

D'Europaparlament gëtt gréng Luucht fir eng Reform vun de Rechter fir Fluchpassagéier. D'Verhandlungen doriwwer hu laang gedauert, well d'Memberlänner sech net eens goufen. Wat bleift? Wat gëtt besser?

reading time

4 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

D’Europaparlament huet en Dënschdeg gréng Luucht gi fir nei europäesch Rechter fir Fluchpassagéier.

Déi gutt Nouvelle ass: D’Rechter vun de Passagéier ginn net beschnidden.

Dofir hat sech d’Europaparlament an de Verhandlunge mat de Memberlänner agesat an huet sech um Enn duerchgesat.

D’EU-Länner haten nämlech laang drop bestanen, datt d’Airlinen an Zukunft hire Clienten eréischt bei gréissere Retarden ewéi bis elo eng Kompensatioun ausbezuele mussen. Si waren och dofir, datt jee no Distanz manner Sue mussen zeréckbezuelt ginn.

Recht op Entschiedegung bei Retarde bleift onverännert

Elo bleift et awer dobäi, wéi et elo schonn ass: Wann de Vol op d'mannst 3 Stonne Verspéidung huet, huet een en Usproch op eng Kompensatioun, an zwar op 250 Euro bei 1.500 Kilometer Distanz, op 400 Euro bei 3.500 Kilometer a 600 Euro, wann et nach méi wäit ass.

Dat gëllt och, wann de Vol ganz gestrach gouf, esou laang dat manner ewéi 14 Deeg vum Depart gemaach gouf. Dat alles bleift also esou.

Eng ganz Partie Memberlänner wollten hei den Airlinë wäit entgéint kommen. 

Si wollten nei Konditioune fir d’Entschiedegungen aféieren. De Rapporter aus dem Europaparlament, de bulgaresche Chrëschtdemokrat Andrey Novakov, huet do e puer Beispiller ginn: Zum Beispill gouf proposéiert, datt Entschiedegunge just da misste bezuelt ginn, wann ee Fliger futti geet oder awer ee Member vun der Crew krank gëtt.

Dat hätt de Fluchgesellschafte Spillraum ginn, fir déi Konditioune selwer ze schafen. D’Airlinë wollten och d’Montante vun de Kompensatiounen erofsetzen.

D’Europaparlament huet sech um Enn awer duerchgesat, esou datt et net zu Verschlechterunge koum fir d’Passagéier par rapport zu de Rechter, déi schonn 2004 op EU-Niveau agefouert goufen.

Wat gëtt besser?

Hei e puer Beispiller: Eng Airline muss zum Beispill jidderengem ee gratis Boarding Pass an enger Print-Versioun ausdeelen, ouni datt ee sech dofir muss extra online enregistréieren.

Ee Client dierf prinzipiell ouni méi ze bezuelen ee perséinleche Géigestand mat an de Fliger huelen.

Wann ee bucht, muss direkt um Ufank de Präis mat Handgepäck inclus ugewise ginn - also net eréischt ganz um Schluss vun der Prozedur. Et bleift awer méiglech, méi bëlleg Ticketen ouni Handgepäck unzebidden

Airlinen dierfen och net méi Sue verlaangen, wann et een Iertum an der Schreifweis vum Numm gouf, an dee muss verbessert ginn.

Wann ee säin Hi-Fluch net benotzt huet, dierfe keng Taxen um Retour verlaangt ginn, wann een dee benotze well.

Da ginn et Verbesserunge fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit: Wann de Fluch net zur Zäit erreecht gëtt, well d’Airline net déi néideg Hëllef zur Verfügung gestallt huet, mussen déi betraffe Leit komplett entschiedegt ginn.

Famille mat Kanner sollen an Zukunft niewentenee setze kënnen, ouni datt dofir muss méi bezuelt ginn.

Exceptionell Unitéit am EU-Parlament

Am Europaparlament hunn en Dënschdeg 646 EU-Deputéiert fir d’Reform gestëmmt. Just 12 waren dergéint, wärend sech der dräi enthalen hunn.

Et gouf also eng Zoustëmmung queesch duerch d’Parteien, och bei de Lëtzebuerger EU-Deputéierten: alle sechs hunn dofir gestëmmt.

Konsumenteschutz bedauert weider Onkloerheete beim Handgepäck

No zéng Joer Diskussioun iwwer d’Reform hätt een dat Schlëmmst verhënnert, esou d’Reaktioun vum Europäesche Konsumenteschutz-Büro.

Et gëtt bedauert, datt d’Reegele fir d’Handgepäck net méi kloer gemaach goufen. Hei bleift et, wat de Präis an d’Gréisst ugeet, oniwwersiichtlech fir de Client.

Net zeréckbehale gouf och d’Iddi, datt d’Airlinë pro-aktiv, ouni datt een se freet, Formulairë muss ausdeelen, déi schonn ausgefëllt si fir eng Entschiedegung unzefroen. Do krut sech d’Parlament net duerchgesat.

Lauschtert hei d'Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.