Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Inhaler - Billy (Yeah Yeah Yeah)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Prozess géint Weinstein fänkt haut un

New York

Neie Prozess géint Weinstein fänkt haut un

Zu New York fänkt haut um Dënschdeg de neie Prozess géint de fréiere Filmproduzent Harvey Weinstein un. Dat mam Choix vun de Jury Memberen. Den Harvey Weinstein war 2020 wéinst Vergewaltegung a sexueller Aggressioun verurteelt ginn. Wéinst prozedurale Feeler war d‘Urteel zejoert nees opgehuewe ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
(Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin)

D‘Virwërf vu Vergewaltegung a sexueller Aggressioun géint den Harvey Weinstein haten 2017 déi weltwäit MeToo-Beweegung un d‘Rulle bruecht.