Radioen

On air

Kultur um 5  |  New Wave op Spuenesch

play_arrow Live
search

/ Neien Test fir Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Orthographie zertifiéieren ze loossen

National

Neien Test fir Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Orthographie zertifiéieren ze loossen

Mat engem neien Test kann ee sech an Zukunft seng Kenntnisser an der lëtzebuergescher Orthographie zertifiéiere loossen. Am Insitut National des Langues hunn den Educatiounsminister an de Kulturminister den Test presentéiert.

auto_stories

1 min

Foto: MCULT/MENEJ

Den Test besteet aus 90 Single Choice Froen, bei deenen een déi richteg Schreifweis vun engem Wuert bannent engem Saz muss auswielen.

Gemaach gëtt den Test beim INL op engem Tablet, wou een direkt dono säi Resultat ugewise kritt. Leit déi dorun interesséiert sinn den Test ze maachen, kënne sech elo schonn umellen an e Rendez-vous huele fir den Test ze absolvéieren, erkläert de Kulturminister Eric Thill.

Wann ee mam Test fäerdeg ass, kritt een e Resultat a Prozenter ugewisen. Virun der Press betount, den Educatiounsminister Claude Meisch dann och de wuessenden Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch, deen net nëmmen hei am Land besteet. Ënner anerem wier bei de franséischen Autoritéiten d‘Demande grouss, esou de Claude Meisch.