arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Neit Material vun der Virginia Woolf?

Literatur

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Neit Material vun der Virginia Woolf?

D‘Virginia Woolf ass fir hir modernistesch Klassiker "Mrs Dalloway", "To the Lighthouse" an "Orlando" bekannt, Bicher, déi a méi wéi 50 Sproochen iwwersat goufen an och popkulturell eng Roll spillen. An elo ass ganz onerwaart neit Material vun der brittescher Schrëftstellerin opgedaucht.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

 Text: Claire Barthelemy

"The Life of Violet": Esou heescht dat nei Buch vun der Virginia Woolf, an an deem et gezéckert Mandele reent, Gëttinnen um Réck vu Walen a Japan schwammen a wou d‘English high society op d‘Schëpp geholl gëtt.

Feministesch Iddien

Et sinn dräi Geschichten, déi si 1907 geschriwwen hat, aacht Joer virun hiren éischte Roman. Et handelt et sech ëm eng biographesch Parodie, déi si eng vun hiren enke Frëndinnen, dem Violet Dickinson, gewidmet hat. Si war eng Fra aus der brittescher Upper Class, déi 17 Joer méi al war wéi d‘Virginia Woolf, an déi fir d‘Schrëftstellerin eng Aart Mentor war.

D‘Violet Dickinson war bal 1,90 Meter grouss. Eng "ganz erstaunlech an onbequeem Gréisst fir eng Fra, déi am viktorianeschen England gebuer gouf", esou d‘Urmila Seshagiri, eng Virginia Woolf Fuerscherin. An domat huet d‘Virginia Woolf hir Frenesien e bësse gezeckt, well si déi an de Geschichten eeben och als Risin duerstellt.

An dës Risin verkierpert feministesch Iddien, mat deenen sech d‘Virginia Woolf also och schonn an hirem freie Wierk beschäftegt huet. D‘Violet huet am Buch e ganz beräichert Sozialliewen. Si ass net bestuet, huet keng Kanner a lieft an hirem eegene Cottage. 

Ongewinnt Fantasy-Elementer

Der Violet sinn déi sozialen Normen, déi d‘Gesellschaft an hiert aristokratesch Ëmfeld hir virschreiwen, ganz egal. Si geet léiwer méi mageschen Aktivitéiten no. Si ass zum Beispill bemol eng Gëttin a Japan, si flitt, a si kämpft géint e sëlwert Mieresongeheier.

An der zweeter Geschicht "The Magic Garden", üübt d‘Virginia Woolf dann dee Saz, dee spéider ganz bekannt gëtt.

“Do you know it seems to me – well don’t you think Violet – it would be very nice ---- ”

“To have a cottage of one’s own? Yes, my good woman,” cried Violet.

Dëse Saz erënnert natierlech u "A Room of One‘s Own", der Virginia Woolf hire feministeschen Essay vun 1929. Der Violet hir Ausso wier “the beginning of the great revolution which is making England a very different place from what it was,” esou schreift Virginia Woolf.

Wéi konnten dës Texter bis elo onentdeckt bleiwen?

D‘Virginia Woolf wollt eigentlech net, datt dës dräi Geschichten, déi als Friendships Gallery bekannt waren, publizéiert ginn. Enger Frëndin hat si gesot, se wieren net gutt a missten duerfir a 6 Méint nach eemol nei geschriwwe ginn, an dat wéilt si awer net maachen.

De Brouillon vun dësen Texter war bekannt, deen ass nämlech Deel vun der New York Public Library hire Virginia Woolf Archiven.

Mee d‘Schrëftstellerin hat dës Geschichten awer trotzdeem fäerdeg geschriwwen. 

De fäerdege Manuskript, deen d‘Virginia Woolf a violetter Tënt ofgetippt hat, war zesumme mat Dokumenter vun der Violet Dickinson am Longleat House, engem Härenhaus an England, archivéiert.

D‘Fuerscherin Urmila Seshagiri hat d‘Englesch Archiviste kontaktéiert, well si eigentlech op der Sich no engem Text vun der Violet Dickinson war. D‘Englänner ware fein an hu gefrot, ob si dann och an engems d‘Texter vun der Friendships Gallery wéilt kucken. Dës hat d‘Fuerscherin eebe just als Brouillon kannt, dofir wousst si net, vu wéi engen Texter lo do rieds wier.

"Een onvergiessleche Moment"

Si ass dunn extra vun Amerika an England gereest, fir sech dës Dokumenter unzekucken. Urmila Seshagiri beschreift de Moment, wou si déi fäerdeg geschriwwe Geschichte virun Aen hat.

“It was an unforgettable moment for me because I could see immediately from the first page that Woolf had revised the work and that it was different, it was better, it was more sophisticated, it was more polished, and at the same time, it was the same work. It was almost like seeing a child grown up,” sou Urmila Seshagiri an engem Interview mat The New Books Network. 

Si gëtt als Editrice am Buch och flott kontextuell Informatiounen iwwer d‘Schrëftstellerin an déi nei entdeckten Texter.

"The Life of Violet" offréiert also e flotten Abléck op der Virginia Woolf hir Entwécklung als Schrëftstellerin a weist. wéi si scho frei feministesch Theeme behandelt huet. Och ass et flott vun der Virginia Woolf Fantasy-Elementer iwwer Monsteren a Gëttinnen ze liesen, wat jo eppes ass, wat ee vun der Virginia Woolf manner gewinnt ass.

 

play_arrow Lauschteren